E romantesche Genoss mat Mozart, Tchaikowski, Chopin a Panufnik

play_disabled
on the headlines

Dem Pianist Nelson Goerner seng Karriär huet 1990 zu Genève richteg Schwong opgeholl, wéi hien d’International Music Competition gewonnen huet. Schonn deemools huet hien zesumme mam Orchestre de la Suisse Romande gespillt.

Hei begéine si sech erëm an um Programm steet de bekannte Pianosconcerto Nr. 23 vum Mozart, e Stéck dat de Mozart a senger absolutter Glanzzäit komponéiert huet. De Bis vum Concert huet eng ganz besonnesch Bedeitung, well en dem Fagottist vum Orchester, dem Afonso Venturieri, gewidmet gouf, deen an d'Pensioun geet.

No der bekannter 3. Symphonie vum Tschaikowski héiere mir “Modlitwa“ vun der Roxana Panufnik, e Wierk, an deem si eng Melodie vun hirem Papp, dem Andrzej Panufnik, verschafft huet.


Programm:

Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano, Nr. 23 a La Majeur, K 488

Frédéric Chopin: Nocturne an Do dièse Mineur fir Piano, op. posth.

Piotr Ilitch Tchaikowski: Symphonie Nr. 3 a Ré Majeur, Op. 29

Roxana Panufnik: Modlitwa fir Sträichorchester


Interpreten:

Nelson Goerner, Piano

Orchestre de la Suisse Romande

Jonathan Nott, Direktioun


Presentéiert vum Caroline Mirkes.

Episoden

Ouerewuerm garantéiert! - Brécke bauen tëschent Europa an den USA | © Musacchio, Ianniello & Pasqualini /Quell: www.santacecilia.it/fotoconcerti

Ouerewuerm garantéiert! - Brécke bauen tëschent Europa an den USA

Den Orchestra dell’Accademia Nazionale di Santa Cecilia an de Pianist Stefano Bollani vereenen Jazz-, Film- a Programmmusek op engem Concert mat Habanera a Vaudeville-Feeling.
headphones

124 min

play_arrow
Grandios, folkloristesch a virtuos | © Askonas Holt

Grandios, folkloristesch a virtuos

Den drëtten Opus-Summerconcert mat Tschaikowski, Enescu a Strawinsky, interpretéiert vum European Union Youth Orchestra
headphones

122 min

play_arrow
Groussen italieeneschen Opereflair op der Kinnekswiss | © Eric Engel

Groussen italieeneschen Opereflair op der Kinnekswiss

D'Sonya Yoncheva an de Vittorio Grigolo sangen Arie vu Verdi a Puccini
Mam Piano duerch Polen | © Fermin Rodriguez

Mam Piano duerch Polen

D'Yulianna Avdeeva spillt Chopin a Szpilman.
play_disabled
Strauss, Rodrigo, Massenet, Ravel: véier spuenesch Fantasien | © Nikolaj Lund

Strauss, Rodrigo, Massenet, Ravel: véier spuenesch Fantasien

De Xavier de Maistre an den Tonkünstler-Orchester op enger musikalescher Rees ënner südlecher Sonn
play_disabled
Vu Bach bis Bogdanović | © Hanser-Verlag

Vu Bach bis Bogdanović

D'Finall vum 5. Internationale Gittareconcours
headphones

112 min

play_arrow
E romantesche Genoss mat Mozart, Tchaikowski, Chopin a Panufnik | © Edouard Brane

E romantesche Genoss mat Mozart, Tchaikowski, Chopin a Panufnik

Duerch dräi Epoche mat Piano an Orchester: Mozart, Tchaikowsky, Chopin a Panufnik. Ee romanteschen Owend mam Pianist Nelson Goerner an dem Orchestre de la Suisse Romande
play_disabled
"Große blasende Musik von ganz besonderer Art": Bach a Mozart fir Bléiser | © MMC RTV SLO

"Große blasende Musik von ganz besonderer Art": Bach a Mozart fir Bléiser

E Concert vum Bléiserensembel vum RTV Slovenia Symphony Orchestra
play_disabled
Symphonik mol esou, mol esou ... | © Kim Tae Hwan & Nikolaj Lund

Symphonik mol esou, mol esou ...

Ausgewielte Symphonik: dem Howard Swanson seng “Short Symphony”, eng spéit erëmentdeckte Sinfonia Concertante vum Mozart an dem Brahms seng monumental 1. Sinfonie
play_disabled
Vu klasseschem Glanz bis an den héijen Norden | © Max Mausen

Vu klasseschem Glanz bis an den héijen Norden

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg interpretéiert Haydn, Mozart a Sibelius.
play_disabled
Aus der Neuen Welt | © Chiba Hiroko

Aus der Neuen Welt

Dem Beethoven säin 3 Pianosconcerto, dem Dvorak seng 9. an dem Moussa säi Quodlibet iwwer kanadesch Weisen
play_disabled
Herreweghe, Bach a Schubert | © Michiel Hendryckx

Herreweghe, Bach a Schubert

Tëschent Badinerie an engem Häerz, dat am Blutt schwëmmt.
play_disabled
Legenden an Temperamenter | © Public Domain

Legenden an Temperamenter

Dräi Protagonistinnen, e leschten Optrëtt an e Bild an engem Wiertshaus
play_disabled
Romantesch Sinfonik inspiréiert vu Folklor | © Marco Borggreve

Romantesch Sinfonik inspiréiert vu Folklor

Female energies ... d'Delyana Lazarova dirigéiert zu Budapest: mat opulenter Romantik vu Sibelius, Tschaikowski an dem Dvořák säi Geieconcerto, mat der Solistin Lilia Pocitari
play_disabled
Hommage un de Georges Aperghis | © Kai Bienert

Hommage un de Georges Aperghis

Am Kader vum Festival Présences 2026 huet Radio France zu Paräis de Komponist Georges Aperghis geéiert, mat Musek vun him selwer a vu verschiddenen anere Komponisten.
play_disabled
Conversations et Caprice | © Public domain

Conversations et Caprice

Zwee Genien aus zwou ënnerschiddleche Welten
play_disabled
Mozart: Hanner der Legend | © Emil Matveev

Mozart: Hanner der Legend

100 Prozent Mozart mam Orchestre de Chambre de Lausanne
play_disabled
Beethoven - Zelianko

Beethoven - Zelianko

Eng Lëtzebuerger Uropféierung vum Novemebr 2024 fir Nationalfeierdag
play_disabled
Tëschent Toskana a Broadway | © Andrej Grilc

Tëschent Toskana a Broadway

Den italieeneschen RAI National Symphony Orchestra versetzt eis zeréck an d'Amerika vum 20. Joerhonnert
play_disabled
Op de Spuere vun der Flütt | © Josef Fischnaller

Op de Spuere vun der Flütt

Dem Mozart säin éischte Flütteconcerto mam Emmanuel Pahud
play_disabled