Wann de Franz Schubert an de Richard Strauss sech kéinte mateneen ënnerhalen, iwwert wat géifen si da schwätzen? Zwee musekalesch Genien! Awer mat zwee Liewen déi net hätte kéinte méi ënnerschiddlech sinn. An dësem Concert stelle 6 Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker Wierker vum Franz Schubert a vum Richard Strauss géigeniwwer, a mir dierfe bei dëser Ënnerhalung dobäi sinn.
Dëst ass e Matschnëtt vum Apero-Concert, deen de 26. Abrëll 2026 vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker organiséiert ginn ass, an dee vum Opus opgeholl ginn ass. Dës Opnam ass nach bis de 5. Juli fir iech disponibel.
Programm:
Franz Schubert (1797-1828) : Sträichquartett D 810 "Der Tod und das Mädchen"
Richard Strauss (1864-1949) : Sextett aus Capriccio
Interpreten:
Semion Gavrikov, Gei
Seohee Min, Gei
Maya Tal, Braatsch
Ryou Banno, Braatsch
Niall Brown, Cello
Cyprien Keiser, Cello