Däitschland

Zu Sinzig a Rheinland-Pfalz koum et no engem Bankiwwerfall zu enger Geiselnam

Bei enger vun de Geisele soll et sech ëm de Chauffeur vun engem Geldtransport handelen. D'Police ass mat Spezialunitéiten op der Plaz. Et sinn nach net vill Detailer iwwer de Bankiwwerfall bekannt. D'Police geet dovun aus, datt et sech ëm méi Täter handelt. Wéi vill ass awer net gewosst.

BigStock vmargineanu | © BigStock vmargineanu
Symbildbild, blo Luucht (Foto: BigStock vmargineanu)