Déi gemeinsam Patrulle sollen an der Grenzregioun vu Lëtzebuerg mat Rheinland-Pfalz a mam Saarland aktiv sinn. Esouwuel op de Stroossen, wéi och am ëffentlechen Transport.
D’Zil wier et, grenziwwerschreidend Kriminalitéit an internationalen Terrorismus zesummen ze bekämpfen, esou d'Erklärung.
Gemeinsam Kontrollen an den Zich
De General Direkter vun der Police Grand-Ducale, Pascal Peters sot zu der konkreter Ëmsetzung, datt een an enger éischter Phas ee lëtzebuerger an een däitsche Policeauto, mat jeeweils gemëschte Beamten, géif asetzen.
"Déi op hir jeeweileg Leitstelle kënnen zeréckgräifen, hir Datebase kënne consultéieren, seou wéi se dat u sech géife maachen op hire jeeweilege Länner."
E weideren Aspekt wieren d'Kontrollen an den Zich.
"Déi mer wëllen zesumme mat der däitscher Bundespolizei op den Haaptstrecken tëschent Lëtzebuerg an Däitschland, an den Entréeën haaptsächlech, an och do wäerte mer u sech déi gemeinsam Verfaren, wéi mer se mat de belschen an de franséische Kolleegen hunn, dann och weiderféieren."
Dës gemeinsam Patrulle wieren e siichtbaart Zeeche fir eng op Partnerschaft baséierter Zesummenaarbecht an Europa, esou de President vun der Bundespolizeidirektioun Koblenz, Gregor Pelzl.
Déi gemeinsam Patrullen hätten näischt mat den däitsche Grenzkontrollen.