Däitschland

Bundesrat blockéiert: 1.000 Euro steierfräi pro Salarié ginn elo awer net ausbezuelt

Déi sougenannten Entlaaschtungsprimm gouf scho vum Parlament gestëmmt. D'Iddi war, datt all Salarié vu sengem Patron hätt sollen 1.000 steierfräi ausbezuelt kréien als Entlaaschtung fir déi héich Energiepräisser.

auto_stories

1 min

Bundesrat | © EPA/FILIP SINGER
Bundesrat (Foto: EPA/FILIP SINGER)

De Bundesrat blockéiert dat, well d'Bundeslänner an d'Gemengen de Gros vun de Käschte géifen droen. Fir déi schwaarz-rout Koalitioun ass dëst eng zolidd politesch Néierlag.