Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Jean-Philippe Rameau - Pièces de Clavecin en Concerts, RCT 9, RCT 9, Troisième Concert, II. La Timide - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Walvictoire vum Geert Wilders ass confirméiert, Koalitiounspartner fënnt hien awer keng

No de Walen an Holland

Walvictoire vum Geert Wilders ass confirméiert, Koalitiounspartner fënnt hien awer keng

An Holland huet d‘Walkommissioun haut offiziell d‘Walvictoire vum Rietspopulist Geert Wilders confirméiert. Mat senger Fräiheetspartei PVV koum hien op 37 vun den 150 Sëtz am Parlament.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PRO SHOTS | Koen Laureij
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | Koen Laureij

Wat d‘Regierungsbildung ubelaangt ass de Geert Wilders awer blockéiert. Déi rietsliberal VVD vum aktuelle Premier Mark Rutte souwéi déi nei Partei NSC vum fréiere Chrëschtdemokrat Pieter Omzigt, déi aus dem Stand eraus op 20 Sëtz komm war, hunn allebéid eng Koalitioun mat der PVV ausgeschloss.

A Fro kéimen elo nach verschidde Constellatioune vun enger Minoritéitsregierung. Kloer ass deemno bis elo just, datt et mat der Regierungsbildung an Holland wuel nach wäert daueren.