Radioen

On air

De barocke Moien  |  Antonio Vivaldi - Sonat fir Cello a La Mineur, RV 44, II. Allegro poco - Lisa Neßling (Cello), Olga Watts (Cembalo)

play_arrow Live
opus

/ Kardinol Hollerich: Lëtzebuerger Kierch konnt der Caritas net hëllefen

Nom Finanzskandal

Kardinol Hollerich: Lëtzebuerger Kierch konnt der Caritas net hëllefen

Op engem Gespréich mat der Press huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich seng Impressioune iwwert d'Wal vum neie Poopst Leo ginn. Bei deem Gespréich gouf de Jean-Claude Hollerech vum 100,7 op d'Caritas ugeschwat.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De Kardinol Jean-Claude-Hollerich. | © picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI play_arrow
De Kardinol Jean-Claude-Hollerich. (Foto: picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI)

Aus de Recherchen an eisem Podcast Zeenewiessel iwwert déi ganz Affär geet ervir, datt de Jean-Claude Hollerich éischter iwwer d'Finanzfraude bei der Caritas Bescheed wousst, wéi hie seet. De Samschdeg konnt de Kardinol net op déi Fro äntwerten, et wier laang hir, sot hien. Am Raum steet an dem Podcast och de Virworf, hien hätt aus Karriärgrënn d'Caritas net wëlle retten.

De Jean-Claude Hollerich

Lauschterenplay_arrow

"Ech hu mech gewonnert, datt ee gesot huet, ech hätt aus Karriärgrënn der Caritas keng Sue ginn. Also aus Karriärgrënn hätt ech missten der Caritas Sue ginn, dann hätt ech gutt do gestanen international, dann hätt just eis Lëtzebuerger Kierch no 15 Joer faillite gemeet."

De Jean-Claude Hollerich huet domat op Virwërf reageiert, déi de freiere Generalvikar a fréiere Caritasdirekter Erny Gillen an eisem Podcast gemaach hat.

"Keng Kopie vum Poopst François"

De Leo de 14. wäert sengem Virgänger dem Poopst François säin Iewe weiderféieren, doriwwer huet sech de Kardinol Jean-Claude Hollerich ganz frou gewisen.

Um Vatikan an den Deeg virum Konklav huet de Kardinol Jean-Claude Hollerech observéiert, datt déi méi eeler Kardineel sech méi zréckhalend vis-à-vis vun der Synod gewisen hunn, wat esou vill heescht ewéi zesumme goen. De Poopst François hat fir eng Kathoulesch Kierch plädéiert, an där d’Participatioun soll gefërdert ginn.

An de Poopst Leo de 14. géif dat och maachen, ouni dobäi eng Kopie vum leschte Poopst wëllen ze sinn, sou de Kardinol.

Qualitéite vum neie Poopst waren ausschlaggebend

Datt de Poopst Leo US-Amerikaner wier, wier kee politesche Choix gewiescht vun de Kardineel, aner Elementer goufen ervirgehuewen, esou den Kardinol Jean-Claude Hollerich.

"Et kuckt een 'ass et ee Mann vu Gebiet?', 'Ass et ee Mann, deen d'Zeeche vun der Zäit kennt?','Ass et ee Mann deen no bei Gott an no bei de Mënschen ass?' an dann... fir déi meescht ganz wichteg 'Ass et ee Mann, deen den Heritage vum Franziskus weiderféiert?'. Déi aner Saachen déi spillen dann nach positiv dobäi."

De Poopst Leo huet laang am Peru gelieft an huet aner Kulture kennegeléiert, hien ass och wéinst senge Missiounen a méi spéit senger Funktiounen am Vatikan vill gereest a kennt och d’Situatioun vun der Kierch, esou nach de Kardinol Jean-Claude Hollerich, deen och der Meenung ass datt d’Kathoulesch Kierch eng Dezentraliséierung wäert erliewen.

Optakt vun der Oktav

De Samschdeg de Mëtteg war iwwerdeems den Optakt vun der Oktav déi dëst Joer ënnert dem Theema "Pilger vun der Hoffnung" steet. Se steet och am Zeeche vu 400 Joer Muttergottesveréierung. Oktavpriedeger ass dëst Joer de Weibeschof Leo Wagener. D‘Oktav mam Märtche geet bis den 25. Mee. A fir den Ufank vun der Oktav war och de Kardinol Jean-Claude Hollerich nees zeréck vu Roum.

Lauschterenplay_arrow