Mee Iwwerraschunge gëtt et ëmmer, an de François war 2013 eng nach méi grouss. Séier war dës Wal och, no véier Ronne koum et zu enger Zweedrëttel-Majoritéit. Op mannst 89 vun den 133 Kardineel hu fir de Robert Prevost gestëmmt.
En zweete Poopst fir Latäin-Amerika
De Leo XIV huet sech laang un déi Gleeweg vum Balcon vum Péitersdoum aus adresséiert: Fir d’éischt op Italieenesch, dunn och op Spuenesch. Seng zweet Nationalitéit ass peruanesch.
Süd-Amerika feiert nees, nom éischte Poopst, de François, elo en zweete fir Latäin-Amerika.
Éischt Mass an der sixtinescher Kapell
De Poopst Leo huet um Freideg scho seng éischt Mass gehalenan zwar an der Sixtinescher Kapell.
E Sonndeg kennen déi Gleeweg hiren neie Poopst, de neie Chef vun der Kathoulescher Kierch, nees op der Péitersplaz gesinn, fir den traditionelle Seegen deen de François viru sengem Doud an deene leschte Méint dacks huet misse verpassen.
Vill Staatscheffe wëllen elo esou séier wéi méiglech en Treffe mam neie Poopst. Och wuel den US-President Donald Trump deen dem Poopst Leo felicitéiert huet.