Klimawandel

Wäermste Summer an niddregst Waasserpeegelen, déi jee a Westeuropa gemooss goufen

Westeuropa huet eng Duerchschnëttstemperatur vun 21,7 Grad Celsius verzeechent. 2,5 Grad iwwer dem Duerchschnëtt vun de Joren 1991 bis 2020, deelt den EU-Klimadéngscht Copernicus haut mat.

auto_stories

2 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Bemierkenswäert wier Copernicus no d’Dauer an d’Ausbreedung vun der Hëtzt dëse Summer gewiescht. 17 Deeg laang gouf et an iwwer der Hallschent vun Europa Temperature vun iwwer 30 Grad.

Duebel esou vill Bësch verbrannt wéi bannent 20 Joer

2003, wat och schonn ee ganz waarmt Joer war, goufe just eelef där Deeg gezielt. 2025 war et der siwen.

Dës laang Dréchent an Hëtzt hätt eng Rei u katastrophale Konsequenzen, gëtt am Rapport vum Klimadéngscht Copernicus betount. Dëse Summer ass an der EU bal duebel esou vill Bësch verbrannt wéi am Duerchschnëtt vun de leschten zwee Joerzéngten. Besonnesch betraff ware Spuenien a Frankräich.

Och d’Mierestemperaturen hu Rekordwäerter erreecht. Duerch esou Miereshëtztwelle klammen d’Temperaturen an de Küsteregiounen. D’Ofkillung nuets ass manner gutt an d’Loftfiichtegkeet klëmmt, wat d’Belaaschtung duerch d’Hëtzt fir de Mënsch verschlëmmert.

Och de September zu Lëtzebuerg ze dréchen

Hei zu Lëtzebuerg huet d’MeteoLux haut seng September-Donnéeë publizéiert. Dora gëtt festgestallt, datt de leschte Mount den zweetdréchensten September zënter 1947 war. Nëmme 4,4 Liter Ree pro Quadratmeter si gefall.

Änlech war et iwweregens am Rescht vun Europa, wat fir déi nidderegst Peegelstänn an den europäesche Flëss gesuergt huet zënter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1992. 

Den Drock op d’Bewässerung, Waasserkraaft an d’Versuergung vun Energie a Séisswaasser wier doduerch staark geklomm. Dat géing den Zesummenhang tëschent dem Klimawandel a geopoliteschen Erausfuerderunge wéi der Energiesécherheet beweisen, esou nach Copernicus.