De Wieger Ketellapper ass de CEO vun AAF an erkläert, datt den Ament am Ganze 34 Läschfligeren an der Gironde am Asaz sinn. Déi géifen zwar net all gläichzäiteg fléien, mee eng gutt Koordinatioun wier extreem wichteg, seet de Wiegel Ketellapper.
"Man hat sehr wenig Bewegungsraum, also muss man eine gute Übersicht behalten, das nennen wir Situation Awareness, von wer sich wo befindet."
Si missten och ganz niddereg fléien, 300-400 Meter iwwer dem Buedem wier den Damp nämlech ze dicht.
"Man macht seinen Job natürlich emotionslos"
D’Fliger géifen an enger Grupp vu fënnef bis sechs Fligere fléien, erkläert de Wiegel Ketellapper.
"Es wird ein Briefing gemacht vom Pilot, der vorne fliegt. Und dann wird beschrieben, wo wir hinfliegen, und wo wir also Wasser aufnehmen. Dann werden die Frequenzen noch durchgesprochen und das sind also Radiofrequenzen, worüber wir kommunizéieren."
Als Pilot vun engem Läschfliger wier et wichteg eng Distanz ze hunn zu där Regioun, an där ee grad schafft. Et misst een ouni Emotiounen do drun erugoen, esou de Wiegel Ketellapper.
"Man würde sonst das Risiko gehen, wenn man sich zu emotional verbindet mit der Angelegenheit, dass man vielleicht Risiken nimmt, die man nicht nehmen sollte."
Wann ee géif vun uewen op d’Géigend kucken, da wier dat een trauregt Bild vu verbrannter schwaarzer Äerd, beschreift de Pilot nach.
Net just Lëtzebuerg, och aner Länner hunn Hëllef a Frankräich geschéckt. Déi ganz Asäz ginn aus enger Kommando-Zentral zu Bréissel koordinéiert an ofgestëmmt.