Klima

Ginn e puer Reendeeg am Hierscht duer, fir datt sech d’Flëss a Baachen nees erhuelen?

Nom extreem dréchenen a waarme Summer leien d’Waasserstänn nach ëmmer däitlech ënner dem normale Beräich. Déi éischt Analyse vun der Waasserverwaltung weisen, datt esou eng Dréchent an de Baache statistesch nëmmen all 20 bis 50 Joer virkënnt.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Chris Meisch play_arrow
(Foto: Chris Meisch)

Éischt Statioun: Hunchereng bei Beetebuerg. D’Mierbech ass en Zoufloss vun der Uelzecht. Zënter Méint läit d’Baach awer komplett dréchen.

Tëschent Beem an dichter Vegetatioun läit d’Bett vun der Mierbech komplett fräi. Steng, dréchene Buedem a verwielegte Blieder, mee kee Waasser. Deen Zoustand hält schonn zënter e puer Méint un.

37 Prozent manner Reen: Dat feelt an de Baachen

Zwar kann d’Mierbech och an engem normale Summer emol kuerz dréche falen, mee esou laang wéi dëst Joer wier ongewéinlech, erkläert den Olivier Jeitz, Chef vun der Unité Cours d’eau bei der Waasserverwaltung. 

"Vun der Baach gesäit een de Moment net vill, well se komplett eidel ass, komplett dréchen. Dat ass e Phenomeen, dee mir dëse Summer op ville Plaze gesinn hunn [...] an déi Situatioun hu mir hei elo schonn zënter e puer Méint."

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

D’Ursaach ass virun allem de feelende Reen. Zënter dem Fréijoer sinn der Waasserverwaltung no ronn 37 Prozent manner Nidderschléi gefall wéi an der laangjärege Moyenne. Dat Waasser, dat net gefall ass, feelt elo och an de Baachen.

Liewewiesen aus dem Waasser kréien ze wéineg Sauerstoff

Wéi staark eng Baach op Dréchent reagéiert, hänkt och vum geologeschen Ënnergrond of – also dovun, wéi gutt de Buedem an d’Gestengsschichten d’Waasser späichere kënnen.

Am Zentrum vum Land kann de Sandstee Waasser wéi e Schwamm ophuelen. Am Norden, wou virun allem Schifer dominéiert, feelt dës Späicherfunktioun gréisstendeels. 

Déi gréisste Konsequenze vum Niddregwaasser betreffen den Ament virun allem d’Liewewiesen an de Gewässer. Manner Waasser bedeit dacks och méi héich Waassertemperaturen an domat manner Sauerstoff. Dat setzt ënner anerem Fësch, Muschelen an Insekten ënner Stress.

"Dann hu mir och en temporäre Réckgang an de Baache vun den aquatesche Liewewiesen, well se kee Waasser méi hunn. Wann dann erëm Waasser kënnt, muss d’Baach sech erëm erhuelen. Wann esou Situatiounen ëmmer méi oft optauchen, kréien och déi Liewewiesen et méi schwéier, fir erëm zeréckzekommen.“ 

Eng kuerz Schauer ännert dorunner nëmme wéineg. Si kann eng dréche Baach fir e puer Stonnen oder Deeg nees mat e bësse Waasser fëllen. Fir datt sech d’Situatioun dauerhaft verbessert, brauch et awer flächendeckenden, méi laang unhalenden an net ze intensive Reen. Nëmmen esou kann d’Waasser lues an de Buedem asickeren an duerno och nees d’Grondwaasser an d’Baache speisen.

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Waasserstand nach ëmmer ganz niddreg

E puer Kilometer méi wäit, zu Hesper un der Uelzecht, ass nach Waasser ze gesinn. Vill ze héiere gëtt et awer net. Dat ass hei souguer gewollt: D’Pegelstatioun steet an engem Beräich, wou d’Waasser méiglechst roueg leeft, fir zouverlässeg Miessunge kënnen ze maachen.

Zu Hesper moossen ënner anerem e Radar an eng Drocksond de Waasserstand. D’Drocksond ass e Sensor, deen am Waasser läit an de Waasserdrock moosst.

Wat méi Waasser iwwer der Drocksond steet, ëmsou méi héich ass den Drock – esou kann de Waasserstand berechent ginn. D’Donnéeë ginn direkt un d’Zentral vun der Waasserverwaltung geschéckt. All 15 Minutte gëtt en neie Wäert publizéiert.

An d’Wäerter weisen, datt d’Situatioun nach ëmmer aussergewéinlech ass: Zu Hesper läit de Waasserstand bei ronn 38 Zentimeter.

Den niddregste validéierte Wäert, deen op dëser Statioun jee gemooss gouf, läit bei 36,5 Zentimeter.

Weiderhi kee Waasser aus de Flëss huelen

Och d’Uelzecht beweegt sech hei also nach ëmmer an engem ganz niddrege Beräich. Fir d'Situatioun anzeuerdnen, schafft d'Waasserverwaltung mat Referenzwäerter, wéi dem niddregst gemoossene Wäert an dem Mëttelwäert vun all de niddregst gemoossene Wäerter: dem NQ an dem MNQ, erkläert den Olivier Jeitz.

"Mir leien op quasi alle Gewässer de Moment tëschent dem MNQ an NQ. Mir waren deelweis och ënner dem NQ. Dat waren dann nei Rekordwäerter."

Soulaang d’Waasserstänn vu ville Baachen nach an dësem aussergewéinlech niddrege Beräich leien, bleift et och verbueden, Waasser aus de Flëss a Baachen ze huelen. Wéi laang dat dauert, kann och den Olivier Jeitz net soen. 

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Renaturéierung als méiglech Léisung 

Fir d’Baache méi resilient géint esou Drécheperioden ze maachen, setzt d’Waasserverwaltung laangfristeg virun allem op d’Renaturéierung. 

"Laangfristeg kënne mir mat Renaturéierungen d'Situatioun verbesseren, dass eng renaturéiert Baach Plazen huet, wou se méi déif ass, wou d’Waasser méi laang ka bleiwen a wou d’Déiere sech kënnen zeréckzéien. [...] Eng renaturéiert Baach ka sech vill méi séier erhuelen." 

D’Waasserverwaltung rechent domat, datt esou Drécheperioden an Zukunft méi dacks optriede kënnen. Fir dëst Joer ass eng definitiv Bilanz nach ze fréi. Déi éischt Donnéeë weisen awer schonn, datt de Summer 2026 hydrologesch zu den aussergewéinlech dréchene Jore gehéiert.

Lauschterenplay_arrow