Fir den aktuelle Ressourcëverbrauch ze decken, bräicht d'Mënschheet reng rechneresch 1,73 Äerden. Den Donnéeë vun der Ëmweltorganisatioun WWF no féiert déi Iwwerlaaschtung ënner anerem zu der Deforestatioun, engem Verloscht vun der Biodiversitéit an zu méi héijen CO₂-Konzentratiounen an der Atmosphär.
Earth Overshoot Day
Vun haut u gi méi natierlech Ressourcë verbraucht wéi d'Äerd an engem Joer erneiert
Haut ass den Earth Over Shoot Day. Vun dësem Dag u verbrauchen d'Mënsche méi natierlech Ressourcen, wéi d'Äerd bannent engem Joer erneiere kann. Dat geet aus Berechnunge vum Global Footprint Network ervir.
auto_stories
1 min
Overshoot Day (Foto: Margot Richard / Unsplash)