A Griicheland ass e Feier op der Vakanzeninsel Kreta weider ausser Kontroll. D‘Flame gi vu Wandvitesse vu bis zu 125 Kilometer an der Stonn ugedriwwen. An der Hafestad Rethymno goufen 8.000 Leitevakuéiert, dorënner vill Touristen. Zwee Pompjeeë ware gëschter op Kreta ëm d‘Liewe komm.
Beschbränn an der Tierkei
Och an der Tierkei ginn op enger Rëtsch Vakanzendestinatiounen d‘Flamen duerch de staarken an dréchene Wand weider entfacht.Zënter gëschter hunn hei d‘Pompjeeën op insgesamt 115 Bränn missen intervenéieren. 110 dovu wieren der tierkescher Regierung no mëttlerweil ënner Kontroll.
Entwarnung a Spunien
Bei de Bëschbränn a Südeuropa gëtt et zum Deel eng Entspanung. A Spuenien huet d‘Regierung de nationalen Noutstand fir d‘Regioune Madrid an Avila nees opgehuewen. Déi grouss Feierendo si bis op Weideres ënner Kontroll. Zéngdausenden Evakuéierter konnten nees heem goen.