Déi israelesch Arméi huet och gëschter nees Deeler vun der Gazasträif bombardéiert. Dëst trotz de Kriticke vu Washington iwwer d’Krichsféierung. D’USA soen, et kéint ee raisonnabel aschätzen, datt Israel géint déi international humanitär Rechter verstouss huet.
D'USA proposéieren een neien Deal
Entretemps huet déi israeelesch Arméi gëschter erëm massiv Bombardementer an der Gazasträif gemaach, och op d‘Stad Rafah. Israel huet och nei Evakuatiounen aus dëser Stad ordonéiert, well jo eng grouss israeelesch Buedemoffensiv dreet.
D‘USA si géint déi Buedemoffensiv an hunn dat schonn e puer Mol kloer gemaach. D‘Washington Post schreift haut, datt d‘USA dem Alliéierten Israel elo, am Fall vun engem Verzicht op déi Offensiv, Hëllef vun hirem Geheimdéngscht offréiert hunn. Dat fir d‘Cheffe vun der Hamas ze fannen.
UNO warnt virun enger "kolossaler" humanitärer Kris
Och d’UNO huet Israel virdru gewarnt. Et géif eng kolossal humanitär Katastroph entstoen, sollt Israel virun allem Rafah bombardéieren. Dëst wéinst der Presenz vu ville Flüchtlingen.
De Gesondheetsministère aus der Gazasträif, dee vun der radikal islamistescher Hamas kontrolléiert gëtt, huet gëschter een neie Bilan publizéiert. Zanter der israeelescher Offensiv, dëst nom Massaker vum 7. Oktober an Israel, wiere 34.971 Persounen an der Gazasträif gestuerwen.
Wéinst der Offensiv op d’Stad Rafah, wou Honnertdausende Palestinenser geflücht waren, wieren elo der UNO no iwwer 120.000 Persounen nees op der Flucht. Déi israeelesch Arméi, déi de 6. Mee d’Populatioun dozou opgeruff hat, Rafah ze verloossen, schwätzt vun 300.000 Mënschen, déi d’Stad verlooss hätten.
Demonstratioune géint den Netanjahu zu Tel Aviv
Zu Tel Aviv gouf et erëm eng grouss Demonstratioun géint de Regierungschef Benjamin Netanjahu. Zegdausende Leit waren op der Strooss, schreift d‘Zeitung Haaretz. Hire Message war deen, datt et keng Wafferou wäert ginn, esou laang den Netanjahu un der Muecht ass.