Wuel wier et schwiereg, eenzel Virfäll ze bewäerten. Et wieren awer genuch Virfäll gemellt ginn, déi engem géifen ze denke ginn, esou de Rapport.
D‘Verhandlungen iwwer eng Wafferou an iwwer d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geisele sinn iwwerdeems an enger Sakgaass. Déi lescht Verhandlungsronn zu Kairo hätt zu kengem Resultat gefouert, heescht et aus der amerikanescher Delegatioun. Et géif ee sech beméien, béid Säiten dozou ze beweegen, weider mateneen ze schwätzen.