Och den US-President wäert nees d‘Wuert ergräifen. D‘lescht Joer hat den Donald Trump a senger Ried d‘UNO attackéiert. Dës Kéier gi vum US-President ënner anerem Aussoen iwwer den US-israeelesche Krich géint den Iran erwaart.
Bei der UN-Generaldebatt wäerten um Dënschdeg och den tierkesche President, de brasilianesche President an de franséische President schwätzen.
Lëtzebuerg huet nei Parteneriater ënnerschriwwen
Och de Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel (DP) ass op der UN-Vollversammlung zu New York.
De Xavier Bettel huet do mat der UNO dräi nei Partenariatskaderaccorde fir d‘Period 2027 bis 2030 ënnerschriwwen, heescht et an engem Communiqué.
Lëtzebuerg géif den humanitäre System vun der UNO weider ënnerstëtzen. Déi nei Kaderaccorde betreffen ënner anerem d‘Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vum Welternärungsprogramm vun der UNO, an dem héijen UN-Kommissariat fir Flüchtlingen.