D'Kënschtlech Intelligenz bréngt duerchaus Gefore mat sech, seet de Fransesco Ferrero vum LIST. Déi géifen a sengen Aen awer virop bei der séierer Entwécklung leien. Haut awer hätt d'KI net d'Potenzial fir Mënschen ëmzebréngen.
An der Fuerschung géif een awer ëmmer méi no un de Moment kommen, wou d'KI ufänkt, sech selwer weider ze entwéckelen.
"C'est effectivement possible de prévoir encore une accélération très poussée de son développement, étant que c'est difficile de prévoir les risques que ça pourrait poser."
D'Warnunge vun de Fuerscher:innen aus dem Secteur wieren net aus der Loft gegraff a se wieren och net nei. Virun allem géif een net genee wëssen, wéi eng Gefore konkreet op een duerkommen.
"Même si le risque était très petit, ça doit être considéré de façon très sérieuse et il faut faire quelque chose à cet égard."
Wat genee kéint d'KI da maachen?
Wéi stellt hien als Fuerscher sech vir, datt d'KI kéint zu enger reeller Gefor ginn? De Fransesco Ferrero nennt ee Beispill.
"Si on aurait des laboratoires complètement automatisés où l'IA seul mène les expériments et arrive à créer des virus, elle pourrait après les diffuser. Et comme les machines ne sont pas touchées par les virus, mais les humaines sont touchées par les virus, ça pourrait être un moyen."
Aner Fuerscher:inne géife fäerten, datt d'KI d'Kontroll iwwer krittesch Infrastrukture kéint iwwerhuelen.
"Si un jour c'est les serveurs qui contrôlent la transmission de l'électricité ou l'eau potable, par exemple, alors il pourrait y avoir des conséquences mortelles."
Nach anerer géife mengen, datt d'KI automatiséiert Waffe kéint hirstellen.
Datt déi grouss KI-Entreprisë sech selwer reguléieren, esou wéi verschidde Patronen dat proposéiert hunn, gesäit de Fransesco Ferrero kritesch. Vill méi missten et onofhängeg Regulateure ginn, déi op internationalem Plang no strenge Krittären d'Kënschtlech Intelligenzen iwwerwaachen.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Fuerscher Fransesco Ferrero