Am Virfeld huet et geheescht, de Selenskyj wéilt virun allem probéieren fir den Donald Trump ze iwwerzeegen, d‘Ukrain weider ze ënnerstëtzen an d‘Fluchofwier géint ballistesch Rakéiten ze stäerken, heescht et. Nëmmen d‘US-Patriot-Systemer bréngen dat fäerdeg.
Nom Selenskyj empfänkt den Trump haut och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu am Wäissen Haus. Et ass dat éischt Treffen tëschent béide Politiker zënter dem gemeinsame Ugrëff op den Iran.
Den Netanjahu wéilt dann, datt d‘USA am Iran involvéiert bleiwen. Dat sot den Donald Trump am Virfeld vum Treffe géintiwwer FoxNews. Washington huet no de rezenten Ugrëff op den Iran jo de Weekend ugekënnegt, de Verhandlunge wëllen eng Chance ze ginn.