De Präis ass domat zwar nees ënner 100 US-Dollar fir ee Barrel Pëtrol, an domat och ënner deenen héije Präisser vum Summer zejoert. Trotzdem ass den aktuelle Präis vu ronn 90 Dollar nach héich verglach mat de Präisser vu virum Ausbroch vum Krich nom US-israeeleschen Ugrëff op den Iran. Déi loungen ëm 70 Dollar fir ee Barrel.
Ee Barrel Pëtrol entsprécht ongeféier 159 Liter Pëtrol.
Den Iran dementéiert iwwerdeems, datt den Ament Verhandlunge mat den USA géife lafen. Dat seet ee Spriecher vum iraneschen Ausseministère. D‘Behaaptung, datt Teheran gefrot hätt fir ze verhandelen, wier erfonnt.
Déi géigesäiteg Ugrëff tëschent den USA an dem Iran hunn zënter e Freideg den Owend opgehalen. Washington sot gëschter Owend, et wéilt een de Verhandlungen eng Chance ginn.