D‘Bezéiung tëschent den zwee Staatscheffen huet sech an de leschte Méint verbessert. D‘Treffe kënnt zu engem Zäitpunkt, wou déi diplomatesch Efforte vun den USA fir de Krich op en Enn ze bréngen, quasi op Äis leien.
Gëschter Owend war de Wolodymyr Selenskyj vum neie brittesche Premier Andy Burnham als deem säin éischten auslännesche Gaascht empfaange ginn.
De brittesche Regierungschef huet der Ukrain weider voll Ënnerstëtzung vu Groussbritannie verséchert.
Trump erwaart haut och den israeelesche Premier
Den Donald Trump begéint haut zu Washington och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. Et ass hiert éischt Treffen zënter dem Ufank vun den US-israeeleschen Attacken op den Iran.
Divergenzen iwwer dee Krich hunn zu Spannungen tëschent dem Donald Trump an dem Benjamin Netanjahu geféiert.