Mat duerchschnëttleche Käschte vun iwwer 1.300 Euro pro Persoun a Rees, waren d’Ausgaben awer esou héich wéi nach ni virdrun.
Transport an Iwwernuechtunge gi méi deier
Déi méi héich Ausgabe fir touristesch Reesen erkläre sech virun allem duerch déi méi héich Käschte fir den Transport a fir d’Iwwernuechtungen: den duerchschnëttleche Präis fir eng Nuecht louch d’lescht Joer bei ronn 192 Euro: dat waren 13 Euro méi wéi 2024.
Am Total hunn d’Awunner am Joer 2025 d’Rekordzomm vu bal 3,8 Milliarden Euro fir Fräizäitreesen ausginn.
Auto bleift dat beléiftste Verkéiersmëttel
D’Hallschent vun de Reese goufen d’lescht Joer mam Auto gemaach, e wéineg méi wéi een Drëttel mam Fliger an nëmme gutt sechs Prozent mam Zuch.
Déi beléiftsten Destinatioune fir d’Fräizäitreese ware Frankräich an Däitschland. Op de Plazen duerno koume Portugal, Italien a Spuenien.
Ronn 470.000 Touristen aus dem Grand-Duché hunn d’lescht Joer am Ganze bal 2,9 Millioune Fräizäitreese gemaach. Änlech wéi an de Jore virdrun hunn och d’lescht Joer ronn 83 Prozent vun der Populatioun op d’mannst eng Fräizäitrees mat Iwwernuechtung gemaach. Déi 17 Prozent, déi 2025 net verreest sinn, hunn zu engem Drëttel gesot, datt si dat aus finanzielle Grënn net gemaach hunn.
Manner Geschäftsreesen
Geschäftsreesen hunn d’lescht Joer däitlech manner Leit gemaach wéi an der Vergaangenheet. Den Undeel vun den Awunner, déi 2025 geschäftlech verreest sinn, louch bei nëmmen nach ronn 16 Prozent. Dat Joer virdru louch dësen Taux nach bei iwwer 25 Prozent.