De Vëlosummer ass an déi siwent Editioun gestart. Och dëst Joer kënne Vëlosfuerer op 14 verschiddene Strecken d’Land entdecken. Fënnef dovu si permanent op, aner Parcourse kënnen nëmme wärend bestëmmte Weekender gefuer ginn.
Nieft de beléifte Klassiker ginn et dëst Joer dräi nei Tier.
Dräi nei Parcoursen um Programm
Den éischten neien Tour dréit den Numm „Wou läit Buddeler?“. Déi 38 Kilometer laang Streck féiert duerch d’Muselregioun a kann dësen an den nächste Weekend gefuer ginn.
„Et ass eng fantastesch Streck mat herrlechen Aussiichten iwwert de Museldall op d'Koppen, flott Kombinatioun vu Wéngerten, Flosslandschaft, Uebstwisebëscher.“
Eng weider Neiheet ass en Tour duerch d’Nordstad. Déi relativ flaach Streck féiert tëschent Dikrech a Schieren laanscht d'Sauer an d'Uelzecht a riicht sech och u Familljen.
Den drëtten neie Parcours verbënnt Feelen a Mechelin duerch de Waark- an de Sauerdall. Och wann do e puer Héichtemeter dobäi sinn, bleift d'Streck fir Famillje gutt gëeegent.
Klassiker bleiwen erhalen
Nieft den neie Strecke bleiwe verschidde beléift Tier am Programm. Dozou gehéiert och den Tour „Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall“, deen zejoert déi meescht Participanten ugezunn hat.
Qualitéit viru Quantitéit
Zejoert goufen op de verschiddene Strecke ronn 43.000 Participatioune gezielt. Ob dëse Rekord gebrach gëtt, steet nach net fest.
Fir d'Organisateure steet awer net d'Participatioun am Mëttelpunkt.
„Mir kucken, datt d'Qualitéit vum Programm stëmmt. (...) Wann dann natierlech hannendrun e Rekord u Participanten ass, huet een dat als Organisateur net ongär.“
Challenge a Vëloslocatioun
Och dëst Joer gëtt et nees de Vëlosummer Challenge. Wien all 14 Tier fiert an op all Streck eng kleng Fro iwwer d'Visit Luxembourg-App richteg beäntwert, kritt als Belounung e gielen Trikot.
Fir Leit ouni eegene Vëlo gëtt et op bal all Streck eng Vëloslocatioun.