Brandgefor

Akut Brandgefor: Grillen a Féier maachen ass ronderëm de ganze Stauséi verbueden

Feier maachen a Grillen ass vun haut um ronderëm de Stauséi komplett verbueden. Dat wéinst der grousser Brandgefor. Fir d'Verbuet ze iwwerwaachen ass zousätzlecht privat Sécherheetspersonal op der Plaz am Asaz. Dat mellt d‘Gemeng Esch-Sauer.


auto_stories

1 min

headphones

1 min

Feier a Grillen um Stau verbueden | © Gemeng Esch-Sauer play_arrow
Feier a Grillen um Stau verbueden (Foto: Gemeng Esch-Sauer)

Wéi d'Gemeng matdeelt géifen de Ament weider Mesüre iwwerpréift, dorënner d‘Ofschleefe vun Autoen, déi falsch geparkt sinn, an esou Rettungsdéngschter blockéieren.

Problem op der Südsäit vum Stauséi

Der Buergermeeschtesch vun Esch/Sauer, Mireille Welter, no ass d'Situatioun virun allem op de Plage Fuussefeld, Frounbierg, Lëlz a Buerfelt kritesch. Do gëtt et nëmmen een Zougang, dee gläichzäiteg fir eran- an erauszefuere genotzt gëtt.

“Bei eis ass et nëmmen een Zougang, an dat ass fir eran ze fueren a fir eraus ze fueren, dee selwechten. Dat heescht, de CGDIS wäert permanent blockéiert sinn.“

Si recommandéiert de Visiteuren, den Opfangparking ze benotzen. Vun do aus bréngt eng Plagennavette d'Leit bis op d'Plage.

Weider Gemenge kéinten nokommen

D'Mireille Welter geet dovun aus, datt och déi aner Stauséigemenge geschwënn e Grillverbuet annoncéiere wäerten, ausser et géif an den nächsten Deeg vill reenen.

Lauschterenplay_arrow