USA: Sozial Medien nei Haaptquell fir Noriichten, esou eng Etüd
An den USA wiere Sozial Medien a Videoplattformen elo d'Haaptquell fir Noriichten an hätten déi traditionell Televisiounssenderen an Noriichtesitten iwwerholl, esou eng nei Etüd vu Reuters Institute. Deemno géife 54 Prozent vun de Leit an den USA, also méi wéi Hallschent, hir Noriichte vun Netzwierker wéi Facebook, X oder YouTube kréien.
Social Media (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa)
Dem Reuters Institute no géife populistesch Politiker a Politikerinnen ëmmer méi dovu profitéieren, fir Interviewe mat traditionelle Medien ze evitéieren, an amplaz mat sougenannten Influenceren a Podcast-Hoste schwätzen, déi hinne keng kritesch Froe stellen a falsch Noriichte verbreeden.