Chamberpresident am Interview

Affär ëm d'Piraten: Méiglech Sanktioune gi vu Blâme bis Reduktiounen an der Pai

D’Chamber féiert haut offiziell hir Rentrée. Am Kader vun enger Pressekonferenz wäert de Chamberpresident Claude Wiseler traditionell e puer Chifferen aus dem vergaangene Joer presentéieren. Dräi anerer Sujete wäerten awer wuel och opkommen: Déi national Sécherheet, d'Piraten, an e Stresstest.

auto_stories

5 min

De Claude Wiseler | © Radio 100,7
De Claude Wiseler (Foto: Radio 100,7)

Haut virun 8 Deeg hat d’Regierung hir mëttlerweil faméis Dronen-Pressekonferenz ofgehal. Just kuerz virdru krut d’Conférence des présidents vun der Chamber e Briefing vun der Regierung gemaach.

"Op sengem Honger setze bliwwen"

Am 100,7-Interview betount de Chamberpresident Claude Wiseler, datt hie frou war, datt d’Regierung an d’Chamber komm ass fir Erklärungen ze ginn. Säi Gefill no der Pressekonferenz awer war änlech wéi dat, vun de meeschte Leit.

“Jiddereen ass e wéineg op sengem Honger setze bliwwen, well et wollt een eppes Prezises gewuer ginn. Wou kënnt dat hier? Wat sinn d’Causen dovun?”

Datt d’Regierung keng Äntwerten op dës Froe ginn hätt, wier kee Reproche, mee e Fait, esou de fréieren CSV-Minister.

Wat d’Deputéiert alles am Huis clos gewuer gi sinn, dat kann hien natierlech net verroden. Datt d’Deputéiert awer ënner Ëmstänn méi wëssen, wéi d’Bierger:innen, wier nozevollzéien, mengt de Clause Wiseler.

A gewësse Fäll misste si Decisiounen huelen zesumme mat der Regierung, an datt kéinte si just “en connaissance des causes” maachen. Datt een an deem hei Fall aus Sécherheetsgrënn keng Detailer verréit, wier a sengen A méi wéi verständlech.

Piraten-Affär: Chamber huet intern Prozedur lafen

De selwechten Dag ass et nach eng zweet Reunioun ginn. D’Theema waren d’Piraten.

D’Partei hat ëffentlech Suen, déi si fir hir parlamentaresch Aktivitéiten ze finanzéiere kritt huet, net dofir benotzt, respektiv net ëmmer korrekt dokumentéiert, firwat si se benotzt hunn.

D’Chamber huet dat virun enger Zäit scho beim Parquet denoncéiert, selwer Plainte gemaach an eng eegen intern Prozedur ulafe gelooss.

“Wa festgestallt gëtt, datt et Verstéiss géint eist Reglement sinn, datt mir eng intern disziplinaresch Prozedur kënne maachen. Dofir hu mir e Comité de deontologie, dee conseilléiert u sech de Büro, deen huet eng Analys gemaach.”

Strofe kënne variéieren, d'Mandater sinn awer net a Gefor

Iwwer déi Prozedur wollt de Claude Wiseler sech net äusseren. All déi concernéiert Leit mussen als éischt nach auditionnéieren. Spéider hu si och d’Méiglechkeet, Recours anzeleeën. Eventuell Sanktioune ginn am Plenum gesprach.

E genauen Datum, wéini d’Prozedur ofgeschloss ass, konnt de Claude Wiseler net nennen. Sécher wier awer, datt een d’Affär net wéilt “schleefe loossen.”

Wéi eng Strof awer riskéieren d’Piraten elo? Hiert Mandat kënne si net fortgeholl kréien, well dat konstitutionell verankert ass.

“D’Sanktioune gi vun engem Blâme bis eventuell pailech Sanktiounen, wou en Deel vun der Monatspai oder méi kann zeréckgehale ginn. (...) Dat heescht awer lo näischt iwwer deen heite Fall.”

Dës Prozedur ersetzt iwweregens net déi juristesch. Dat sinn zwou separat Saachen, betount de Chamberpresident.

Manner Reklamm op Facebook, manner Petitiounen déi de Seuil erreechen?

Op der Pressekonferenz zur Rentrée vun der Chamber wäert sécher och eng intressant Zuel an de Raum geworf ginn, nämlech déi vu Petitiounen, déi den néidege Seuil erreecht hu fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Déi Zuel ass nämlech réckleefeg.

Am leschte Joer hunn 10 Petitiounen den neie Seuil vu 5.500 Ënnerschrëften erreecht. Virdru louch de Seuil bei 4.500. Insgesamt sinn 19 Petitioune méi agereecht ginn.

Dem Claude Wiseler no läit dee Réckgang awer net um méi héije Seuil.

“Wat ee faktuell muss feststellen ass, datt keng vun de Petitiounen, déi agereecht gi sinn, an deem Ënnerscheed vu 4.500 a 5.500 hänkebliwwen ass.”

Et ass dem Claude Wiseler seng Impressioun, datt vun de Leit aus manner Reklamm fir Petitioune gemaach gëtt, beispillsweis op de Sozialen Netzwierker.

Déi, déi vill Ënnerschrëfte kréien, sinn och déi Petitiounen, déi zum Beispill op Facebook gedeelt ginn oder an de Medien opgegraff ginn.

Stresstest vun den Institutiounen: Conclusioun war kloer, mee dat war net d'Zil

An de vergaangene Méint huet d’Cellule scientifique vun der Chamber intensiv dru geschafft, e sougenannte Stresstest auszeschaffen. Gekuckt ginn ass, wéi resilient d’Institutioune sinn am Fall wou Leit mat autoritären Tendenzen un d’Rudder kéimen.

Dës Notte sinn elo online publizéiert ginn. D’Conclusioun ass: Och hei am Land si mir net immun géigeniwwer esou engem Risk. Mee war dat net scho vu virera kloer?

De Claude Wiseler betount, datt jiddereen ufälleg ass, well een an enger Demokratie ëmmer gewësse Fräiheete garantéiert. Mee dat wier net d’Fro gewiescht.

“Wéi kënne mir d’Ufällegkeet verréngeren an d’Institutioune méi staark maachen a wéi kënne mir garantéiere wa Leit demokratesch an eng Regierung kommen an d’Zil hunn, d’Demokratie ze schwächen, datt 5 Joer dono nach Wale sinn.”

Stäerkt vun der Chamber iwwerrascht hiren eegene President

Lo misst d’Politik kucken, wat si domat mécht. D’Resultater wieren net just do, “fir se ze wëssen”, esou de Chamberpresident.

Kloer ass, datt de System Lacunnen huet, déi méi liicht ze iwwerwanne si wéi anerer. Eng onofhängeg Justiz ass zum Beispill e staarke Garant fir eng stabil Demokratie. Och eng fräi Press, déi ouni Konsequenzen ze fäerten op Mëssstänn an der Politik hiweise kann.

Eent vun de Resultater war dat, datt am System vun checks and balances d’Chamber u sech déi stäerksten Institutioun ass, preziséiert de Claude Wiseler.

“Wann d’Chamber wëllt huet si de Pouvoir ze decidéieren: Kënnt e Referendum oder net? Gëtt d’Regierung ofgesat oder net? (...) Och mat der neier Constitutioun vun 2023.”

Deen Deel vum Stresstest hätt de Claude Wiseler iwwerrascht.

Wéi awer elo d’Conclusioune gezu gi wéisst hien nach net richteg. Elo mussen als éischt mol déi eenzel Parteien a Fraktiounen d’Etüd genee liesen. Dat wier och am Interêt vu jiddwer Partei, well “wa lo een et géint den anere mécht komme mir net wäit”, esou nach de Claude Wiseler.