Datt déi Zuel net enorm grouss ass, däers wier sech de Claude Wiseler bewosst.
"Et geet eis jo och net drëm, fir hei e grousst Publikum ze hunn. Et geet dorëm, datt mer d’Méiglechkeet hunn, fir d’Leit, déi wëllen, datt dat transparent ass."
E wéineg méi gekuckt, géifen d'archivéiert Opname vun de Sëtzungen. Iwwert déi lescht 12 Méint gekuckt, sinn d'Sëtzungen 323 Mol am Replay gekuckt ginn. De gréisste Succès hätten d'Kommissiounssëtzunge vun der Educatiounskommissioun.
Diskussioun iwwer Feelerquote
Déi automatesch Ënnertitele bei der Live-Diffusioun vun ëffentleche Chambersëtzungen ugeet, wier e “quasi asazbereet”, esou de Claude Wiseler. Néideg wieren awer nach eng Rei prinzipiell Decisiounen. Zum Beispill misst ee sech eens gi wéi eng Feelerquot ee wéilt zouloossen. Net all Deputéierte géif nämlech vum System selwecht gutt verstane ginn.
"Deen ee schwätzt méi kloer wéi deen aneren, méi propper wéi deen aneren, ass besser verständlech wéi deen aneren. An do kommen ëmmer eng Rei Feeler dra vir."
D'Fro wier deemno, a wéi wäit ee bereet wier eng net-honnertprozenteg Qualitéit ze akzeptéieren.
Entscheedung iwwer Ënnertitele wier "imminent"
Et géif d'Méiglechkeet gi mat engem System ze schaffe wou ee ka mat engem Delai vun 30 Sekonne schaffe fir séier, éischt Korrekturen ze maachen, erkläert de Claude Wiseler.
"Well et ass jo awer trotzdeem eppes anescht, ob s de Live-Ënnertitelen hues bei enger Tëlee, (...), a bei enger Chamber, wou s de awer méi muss oppassen, wou et ka politesch Konsequenzen hunn, wat s de sees."
Dowéinst géif d’Akzeptanz vun der Feelerquot nach analyséiert ginn. Eng Rei Tester wiere scho gemaach ginn. D’Entscheedung zum Asaz vum automatesche Sous-titrage bei den ëffentleche Chamberssitzunge wier “relativ imminent”, huet de Chamberpresident Claude Wiseler op Nofro preziséiert.
Éischt Sëtzung an der Plenière a knapp zwou Wochen
Déi éischt ëffentlech Chamberssitzung no der Summerpaus ass den 13. Oktober, also wéi gewinnt den zweeten Dënschdeg am Oktober.
Schonn d’nächst Woch gëtt um Krautmaart de Projet fir de Staatsbudget 2027 presentéiert.