D’AMMD hat d’Konventioun mat der CNS jo Enn Oktober d’lescht Joer gekënnegt. Am August dëst Joer waren d’Verhandlunge fir een neien Accord gescheitert: d’AMMD hat annoncéiert, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen.
D’Ministesch Martine Deprez huet an der Sitzung vun der Chamberkommissioun erkläert, wéi et elo an deem Sujet weidergeet.
"Et si schonn e puer Leit, déi et ugeschwat hunn. Eis Diere sinn op. Mir diskutéiere weider. Ech hunn net méi spéit wéi haut eng Reunioun de Mëtten um 16:30h mat der AMMD, awer och mam Cercle des Médecins Généralistes a mat der MSH, mat den Dokteren aus dem Spidolsecteur."
Wa Fuerderungen um Dësch leien, da misste se diskutéiert ginn, huet d’Ministesch nach preziséiert. Si hätt gären, datt een all zesummen an engem Boot sëtze bleift.
D’Regierung hat Mëtt August groussherzoglech Reglementer ugeholl, déi vun November dëst Joer un d’Konventioun tëschent AMMD an CNS kéinten ersetzen.
"En Instrument gouf gewielt fir Drock auszeüben"
D’Martine Deprez huet iwwerdeems erkläert, datt Saachen, déi an der Konventioun musse gereegelt sinn, kloer am Code drastinn.
"Wéi rechne mer of? Wéi kréie mer eis Suen zréck? Wéi eng Form mussen d'Ordonnancen hunn? Wéi eng Form muss de Krankeschäin hunn? (...) Dat heescht, hei ass en Instrument benotzt gi fir Drock auszeüben. Mee mat deem Instrument kënne mer keng, awer och keng vun all deenen anere Fuerderunge respektiv Sujeten ophuelen, déi op der Place publique diskutéiert ginn."
Ass déi konventionéiert Medezin zu Lëtzebuerg eriwwer?
Iwwer d’Differenzen tëschent der AMMD an der CNS gouf de Moien an der Kommissiounssitzung op Demande vun der LSAP a vun der ADR diskutéiert.
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet gefuerdert, datt d’Interesse vum Patient an d’Qualitéit geséchert bleiwen. D’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos huet d’Ausso vum AMMD-President Chris Roller de Moie bei RTL opgegraff, datt déi konventionéiert Medezin zu Lëtzebuerg eriwwer wier.
"Den Dr. Roller huet de Moien eppes ganz Wichteges gesot, wat a mengen Aen eng ganz konkreet Ausso war, eng direkt Ausso mat Follgen, déi mer net ignoréiere kënnen. (...) Wat ass Är Meenung dozou? Wéi gesitt Dir eise Gesondheetssystem an der Zukunft? Eng Staatsmedezin, sou wéi mer se warscheinlech am Moment mol kréien, iwwert d'Reglementatioun vun de Règlements grand-ducalen? Oder eng liberal Medezin (...) wou (...) d'Dokteren net onbedéngt virgeschriwwe kréien, wéini se wat wou dierfe maachen."
D’ADR wier der Meenung, datt et schonn elo eng Zwouklassemedezin géif ginn, esou nach d’Alexandra Schoos. Fir dës Regierung kéim et net a Fro de konventionéierte System a Fro ze stellen, huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez geäntwert.