Infirmiersattributiounen

Oppositioun kritiséiert Approche vu Ministesch als net professionell a problematesch

An der zoustänneger Chamberkommissioun Santé gouf et de Moie ferm Kritik vun der Oppositioun fir d’Approche vun der CSV-Gesondheetsministesch am Dossier iwwer d’Attributiounen vum Infirmiersberuff.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Zoonar | Sunan Wongsa-nga
(Foto: picture alliance / Zoonar | Sunan Wongsa-nga)

Scho gëschter hat d’Martine Deprez der Infirmieresassociatioun ANIL gesot, datt een de Gesetzesprojet elo net méi géif mat hire Kritikpunkten änneren. Gläichzäiteg huet si awer d’Versprieche ginn am Hierscht den Text namol mat de Revendikatiounen vun der ANIL ze iwwerschaffen.

D’Oppositiounsdeputéiert hunn déi Approch als penibel, problematesch an net professionell bezeechent.

D’Ministesch begrënnt hir Entscheedung mat Zäitdrock. Et misst een eng europäesch Deadline fir de Resilienzplang anhalen. Dës gouf schonn zwee mol no hanne verréckelt a leeft am August aus. Wann ee bis dohi keen iwwerschaffte Gesetz zum Infirmiersberuff kéint virleeën, misst ee Gelder zeréck bezuelen.

Net fréi genuch a mat ze wéineg Personal 

Et géif ee wuel d’Problematik verstoen, mee et hätt ee vu vir era besser missen un dee wichtege Projet erugoen an zwar virun allem mat där néideger Manpower, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard no der Chamberkommissioun.

"Mee dat Ganzt hätt ee sech kënne spueren, hätt ee vun Ufank un déi néideg Ressourcen an och eng méi concertéiert Approche hei gehat, fir dat do anescht ze organiséieren. An dat ass wierklech bedauerlech, wéi hei virgaangen ass." 

Där Meenung ass och den Deputéiert vun déi Lénk Marc Baum. Et wier net genuch mat den Acteuren um Terrain zesummegeschafft ginn. 

"D'Ministesch selwer seet, se hat annerhallef bis zwee Joer dru geschafft, fir dann elo an der Kommissioun zouzeginn, datt souguer wann deen Text votéiert gëtt, en am Hierscht dat Gesetz, wat dee Moment dann a Kraaft ass, awer erëm eng Kéier muss amendéiert ginn." 

Et géif sech net ëm eng Reform handelen, esou d'Ministesch

Dat wier keng Aart a Weis, seriö ze legiferéieren, esou nach de Marc Baum. 

"An dat ass duerchaus problematesch."

Mat där Kritik war och d’Ministesch d’Accord. Dat wier dat Bescht wat een de Moment kéint liwweren, esou d’Martine Deprez.

"Mir hu verschidde Saache bäigesat, déi néideg waren, bäigesat ze ginn. Natierlech hu mer net allem kënne Rechnung droen, wat d'ANIL gären hätt. A mir hunn d'Engagement geholl, fir am Hierscht dann déi Haaptfuerderunge Prescriptioun vun der Infirmière an d'Consultation infirmière da besser ofzebilden am Text, fir datt et wierklech eng Revalorisatioun ass."

Deen hei Gesetzesprojet wier nämlech weder eng Reform nach eng Revalorisatioun, mee eng Adaptatioun vun der Annex 1 vum Gesetzestext, huet d’Ministesch nach an der Kommissioun betount.