EU-Bäitrëtt

Premier Luc Frieden hofft, Montenegro geschwënn als 28. EU-Memberstaat ze begréissen

De Premierminister huet sech de Moien zouversiichtlech gewisen, datt Montenegro geschwënn als 28. Memberland kann der Europäescher Unioun bäitrieden. D’EU wier méi sécher a méi staark mat Montenegro als Memberland esou de Luc Frieden, no enger Entrevue mam montenegrinesche Premier Milojko Spajić.

auto_stories

3 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Lëtzebuerg wier duerch d’montenegrinesch Communautéit, déi hei am Land wunnt, enk mam Land aus dem Westbalkan verbonnen esou de Luc Frieden no enger Entrevue mam montenegrineschen Premier Milojko Spajić. En EU-Bäitrëtt vu Montenegro kéint deemno d’Verbonnenheet vun de Länner weider verstäerken. De pro-europäeschen a liberale Milojko Spajić sot sengersäits, datt Montenegro nach vill Aarbecht viru sech hätt fir de leschte Schrëtt ze maachen.

Montenegro wëll mam gudde Beispill vir goen

De montenegrinesche Premier huet dofir Merci gesot, datt een ënner anerem an de Beräicher Finanzen an Tourismus Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg kréich. De pro-europäeschen a liberalen Milojko Spajić huet awer gläichzäiteg betount, datt säi Land nach wichteg Efforten ze maachen huet éier een der EU kéint bäitrieden. Ma et wier een prett déi Efforten ze maachen an der EU eng plus-value ze bidden esou de montenegrinesche Premierminister.

"Montenegro ass prett fir sech un der Europäescher Unioun ze bedeelegen, ass prett fir en aktive Member ze sinn, ass prett fir a regionalen Ugeleeënheeten am Westbalkan ze hëllefen.

De Succès vu Montenegro wier och e gutt Signal no bausse fir ze weisen, datt Reformen sech bezuelt maachen an datt gutt Behuelen an haart Schaffe belount géif gi mengt de Milojko Spajić

 "Also, jo, et ass eng schwéier Aufgab, mee ech sinn zouversiichtlech, datt mir mat ärer Ënnerstëtzung an där vun Aneren, bis Enn 2026 dat Kapitel ofschléisse kënnen an, datt mir komplett prett si fir der Europäescher Unioun bäizetrieden. An da kënne mir zesummen 2028 en neie Member feieren."

D’Regierung an Montenegro huet d’Zil erausgi fir iwwernächst Joer der Europäescher Unioun bäizetrieden. Montenegro ass eent vun néng offiziellen EU-Bäitrëttskandidaten an hat 2008 eng offiziell Ufro gemaach fir der EU bäizetrieden.

Gros vun de Mënschen a Montenegro wéilten an d'EU 

De Premier Luc Frieden gesäit dat sengersäits och esou. Hien huet d’Efforte vun Montenegro déi an de leschte Joren ënnerholl goufen, fir d’Konditiounen ze erfëllen fir der EU kënne bäizetrieden, gelueft. Domat wier d’Land aus dem Westbalkan e gutt Beispill fir aner Länner déi der EU wëlle bäitrieden, esou de Luc Frieden.

"Et mécht och Hoffnung fir déi aner Länner déi Bäitrëttskandidate sinn an et encouragéiert och aner Länner an der Regioun fir déi néideg Efforten ze maache wa si der Europäescher Unioun wëlle bäitrieden."

Der EU bäizetriede wier näischt wat ee muss maachen, mee eppes wat ee wëll maachen, esou den CSV-Premier. Eng Majoritéit vun de Leit aus Montenegro wéil der EU bäitrieden, a hätten ofir vill Efforte gemaach.

"A mir sinn do fir si mat eisen Equippen ze ënnerstëtze fir de Prozess ofzeschléissen. An als Premierminister wäert ech dat am EU-Conseil maachen, den Dag wou eng Decisioun geholl gëtt."

Um Bord: Premier reagéiert op Kaderaccord tëschent USA an Iran

Et wier ëmmer gutt wa Fridde wier, esou de Premier um Bord vun dëser Pressekonferenz. En dauerhafte Fridde géif de Leit an der Krichsregioun hëllefen an déi negativ Konsequenze vum Krich géifen ophalen. Um Kierchbierg an der Stad sinn haut déi 27-EU Ausseminister zesumme komm. De Kaderaccord war hei Thema.