Europaparlament

Fernand Kartheiser iwwerrascht, datt EU-Parlamentspresidentin intern Enquête ufreet

Eng Kommissioun vum Europaparlament soll ënnersichen, ob de Lëtzebuerger ADR-Politiker wéinst Reunioune mat Vertrieder vum russesche Parlament géint de "Code de conduite" vum Europaparlament verstouss huet. Dee reagéiert elo mat Onverständnis.

auto_stories

3 min

Fernand Kartheiser | © ADR
Fernand Kartheiser (Foto: ADR)

Deen informellen Dialog géif hien zënter engem Joer féieren, hie wier souguer aus senger Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer ausgeschloss ginn. Dofir wier et verwonnerlech, datt d'Presidentin vum Parlament elo eng Prozedur géint hie lancéiere wéilt, esou den ADR-Politiker op X. 

Hie verweist och drop, datt och op Regierungsniveau géif iwwer een Dialog mat Russland duerch een envoyé spécial nogeduecht ginn. 

Gouf géint intern Reegele vum Europaparlament verstouss? 

D’Parlaments-Presidentin Roberta Metsola huet de Comité consultatif vum Parlament domat beoptraagt ze ënnersichen, ob de Lëtzebuerger ADR-Politiker géint déi intern Reegele vum Parlament verstouss huet. 

Méiglecherweis hätt de Lëtzebuerger de Code de conduite vum Parlament net respektéiert an d’Dignitéit an d’Reputatioun vum Europaparlament op d’Spill gesat, schreift d’Roberta Metsola an engem Bréif un de President vun deem Comité.  

Konkreet geet et ëm rezent Reunioune mat Vertrieder:inne vum Russesche Parlament, der Duma, déi den ADR-Politiker organiséiert hat. An enger “Deklaratioun vu St Petersbourg” vum 4. Juni hat de Lëtzebuerger vun engem parlamentareschen Dialog tëschent der aussepolitescher Kommissioun vum russesche Parlament, der Duma, a Membere vum Europaparlament geschwat.

Am Viséier: "Deklaratioun vu St Petersburg", déi sech fir den Dialog mat der Duma asetzt

An där “Deklaratioun” geet rieds vu véier Videokonferenzen a véier Reuniounen, déi op verschiddene Plazen ofgehale goufen. Den Dialog géing “de laangfristegen Interête vun der russescher Federatioun an der Europäescher Unioun déngen”, an e sollt trotz den aktuellen Hürde weidergeféiert ginn, heescht et am Text. 

An deem Dokument géif d’Impressioun entstoen, datt een informelle Kommunikatiounskanal tëschent dem Europaparlament an dem russesche Parlament, der Duma, géif bestoen.

Dat awer géif guer net der Positioun vum Europaparlament entspriechen, schreift d’Roberta Metsola an engem Bréif un de President vum Comité consultatif.

"Informelle Kommunikatiounskanal" entsprécht net Positioun vu Parlament

D’Parlament hätt widderhuelt de russesche Krich an der Ukrain condamnéiert a seng voll Solidaritéit mat der Ukrain zum Ausdrock bruecht.

D’Parlament hätt och offiziell seng Zesummenaarbecht mat der Duma gestoppt, zënter dem Ufank vum Krich wier keng offiziell Delegatioun a Russland geschéckt ginn. 

De Code de conduite vu Parlament géing virschreiwen, datt seng Memberen all hir Meetinge mat Vertrieder:inne vun ëffentlechen Autoritéite vun Drëtt-Länner publizéiere muss.

Méigleche Verstouss géint de Code de Conduite vum EU-Parlament

Dat iewescht Gremium vum Parlament, d’Konferenz vun de Presidenten, hätt iwwerdeems och kloer gemaach, datt déi Positioun net duerch individuell Reunioune mat russeschen Interlocuteuren, déi duerch d’EU sanktionéiert ginn, sollt ëmgaange ginn.

Aus der Deklaratioun vu St Petersbourg géing ervir, datt och nach aner Memberen aus dem Parlament u Reuniounen a Russland deelgeholl hunn, esou och d’Roberta Metsola.

De Comité consultativ sollt elo ënnersichen, ob dat konform mat de Reegele vum Parlament ass.

De Fernand Kartheiser war zejoert am Juni aus senger Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer” wéinst sengem Russland-frëndleche Verhalen ausgeschloss, ginn.