Bis op Weideres dierf an den Europäeschen Institutioune kee Lëtzebuergesch geschwat ginn. Och net am Europaparlament. Sou laang Lëtzebuergesch keng offiziell EU-Sprooch ass, ass dat rechtlech net méiglech, huet de Mëttwoch déi parlamentaresch Kommissioun am Europaparlament, déi sech mat konstitutionelle Froe befaasst, festgehalen.
Domat gouf eng Demande vum Europadeputéierte Fernand Kartheiser vun der ADR verworf. Si ass domat vum Dësch - den Dossier awer net.
Fernand Kartheiser: Diere goufen net zougemaach
Fir de Fernand Kartheiser sinn d’Dieren de Mëttwoch net all zou gaangen.
Hie kéint, dat hat de President vun der konstitutioneller Kommissioun Sven Simon an de Raum gestallt, een Initiativrapport vum Parlament op de Wee bréngen, an deem d’Unerkenne vum Lëtzebuergeschen als offiziell EU-Sprooch - an domat eng Ännerung vum Reglement vu 1958, géif explizitt gefrot ginn.
Dat ass keen einfache Wee, well den ADR-Politiker dofir eng Majoritéit vun de 720 EU-Deputéiert misst hannert sech bréngen.
Reglement vun 1958: Just Memberlänner kënnen dat änneren
Selwer kann d’Parlament awer souwisou keng Changementer an deem Reglement maachen. Dat ass eenzeg d’Kompetenz vun de Memberlänner, sou de Sven Simon.
Do wieren d’EU-Verträg ganz kloer.
„Nach meiner Überzeugung haben die Gründungsväter und Mütter das im Vertrag auch deshalb so geregelt, damit der Konflikt der Sprachen und von Minderheitensprachen nicht jeden Tag neu aufbricht und in jeder Institution neu ausgefochten werden muss. Das wird wohl der Hintergrund für die sehr klare Regelung im Vertag sein.“
EU-Deputéiert verweisen op d’Lëtzebuerger Regierung
Soll da Lëtzebuerg esou eng Demande maachen, fir d’Reglement ze änneren? De Charel Goerens, Member vun där konstitutionneller Kommissioun am Europaparlament, schéngt dozou keng kloer Meenung dozou ze hunn. Den DP-Politiker schéisst de Ball op Lëtzebuerg.
„Ech fanne mir sollen eng Diskussioun doheem féieren, wat de Statut ass vu Lëtzebuerg an Europa. Déi Diskussioun ass ugeleiert ginn. Déi ass nach net ganz ausgestanen. An ech kann hei net enger Decisioun, déi zu Lëtzebuerg muss getraff ginn, virgräifen.“
Änlech héiert sech den Europadeputéierte vun der LSAP, de Marc Angel un, dee Suppleant an där Kommissioun ass.
Et géif esou lues Zäit ginn, datt déi Lëtzebuerger Regierung aktiv gëtt, dat ass de kloren an net verwonnerleche Standpunkt vum Fernand Kartheiser vun der ADR.
„Si huet sech bis elo net gewisen an deem Dossier, wat a mengen Ae falsch ass.“
Regierung ass um Zuch
Den Dossier wier keng Prioritéit, hat de Premier Luc Frieden am Oktober op enger Pressekonferenz gesot. Aus dem Kulturministère huet et déi lescht Woch op eis Nofro geheescht, d’Sprooch wier zënter 2023 an der Verfassung verankert, an et wier een amgaangen, d’EU-Traitéen op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Dat wieren déi zwee éischt Schrëtt, fir iwwerhaapt eppes an deem Dossier ze ënnerhuelen.
Eng Äntwert op déi einfach Fro, ob d’Regierung dann elo wëlles huet, offiziell unzefroen, datt Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkannt gëtt, gouf et bis elo net.