Santésministère / ANIL

Gesetzesprojet iwwer Infirmiersattributioune gëtt trotz Kritik virleefeg net geännert

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt de Gesetzesprojet iwwer d’Attributioune vun den Infirmieren trotz Kritik net méi virum Vott änneren. D’ANIL weist sech enttäuscht, begréisst awer d’Verspriechen, den Text am Hierscht nach eemol opzemaachen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales play_arrow
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

Trotz ëmmer nees Kritik vun der Infirmiersassociatioun ANIL huet d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez de Moie bei enger Reunioun mat der ANIL annoncéiert, datt de Gesetzesprojet iwwer d’Attributioune vun den Infirmieren net méi wäert geännert ginn, esou d’Vertrieder vun der Infirmiersassociatioun.

Grond dofir wier eng Europäesch Deadline, déi ee misst anhalen.

ANIL: Tëschent Enttäuschung an Optimismus

Gläichzäiteg hätt d’Ministesch awer versprach, datt d’Gesetz dann am Hierscht nach eemol géif iwwerschafft ginn. D’ANIL ass mat gemëschte Gefiller aus der Reunioun erausgaangen.

Engersäits géif ee sech vertréischt fillen. Op där anerer Säit géif ee virsiichteg optimistesch an d’Zukunft kucken. D’Martine Deprez hätt d’Kritik vun der ANIL unerkannt, datt vu vir eran net genuch personell Ressourcë vum Ministère do gewiescht wiere fir um Projet ze schaffen. 

Si hätt der Infirmiersassociatioun gesot, datt si bereet wier de Gesetzestext am Hierscht nach eemol opzemaache fir en ze iwwerschaffen. Dat zesumme mat anere Gesetzesprojete wéi deem vun der Pratique avancée an dem neie Beruff tëschent Infirmiere an Aide-Soignant - dem Techniker , esou d’Anne-Marie Hanff vun der ANIL. 

"Op där enger Säit si mer frou, datt si seet, datt et net a Stee gemeesselt ass. Datt si dat nach eng Kéier confirméiert huet, datt dat opgemaach gëtt. Op där anerer Säit hu mer natierlech keng Garantie, datt eis rout Linnen do da wäerte wierklech ëmgesat ginn, well dat si genau déi, déi elo net kënnen an de Gesetzestext mat afléissen.”

Déi zwou Haaptfuerderunge vun der ANIL ginn deemno virleefeg net Deel vum neie Gesetz.

Gesetzestext deckt net all Besoinen of 

Esouwuel Infirmiersordonnancen fir rezeptfräi Medikamenter fir d’Soins infirmiers, wéi och Infirmiersconsultatiounen sinn also net virgesinn. Déi géifen awer d’Autonomie vum Beruff stäerken an domat och d’Resilienz, esou nach d’Anne-Marie Hanff.

“D'Zil ass jo wierklech vun deem Plan de résilience, d'Infirmière zu Lëtzebuerg méi resilient ze maachen an déi rout Linnen hu mer mam Terrain zesummen ausgeschafft.”

Eng weider Kritik vun der ANIL ass, datt de Gesetzestext den Ament nëmmen d’Infirmieren am Spidolssecteur richteg géif ofdecken an net genuch op d’Besoinen aus de Beräicher Altersfleeg, Handicap oder Soins à domicile géif agoen.

Déi Fuerderungen, déi een haut genannt hätt, wieren net nei. Déi hätt ee scho virun engem Joer ugeschwat. Elo misst een ofwaarden, wéi et am Hierscht wäert weider goen, esou nach d’Anne-Marie Hanff. 

“Mir fuerderen elo wierklech, datt et elo dann am Hierscht geschitt. Mir gesinn och de Risiko, datt mer e bësse vertréischt gi sinn. Mir wäerten dann am Hierscht gesinn, ob d'Ministesch hiert d'Wuert hält oder net.”

Muer ass de Projet de Loi iwwerdeems op en Neits Sujet an der zoustänneger Chamberkommissioun.

Lauschterenplay_arrow