De Bilan vun den Affer a Blesséierte gouf am Laf vum Dag ëmmer nees no uewe korrigéiert.
Aenzeien no gouf e Wunnhéichhaus vu 24 Stäck vun enger russescher ballistescher Rakéit getraff. D‘Gebai wier an de Koup gefall. De Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko, sot, méiglecherweis géifen nach Leit ënner de Stécker vum Gebai leien.
Moskau hat d‘Ukrain lescht Woch viru gréisseren Attacke gewarnt. Dat nodeems an där vu Russland besater ukrainescher Regioun Luhansk 21 Mënsche bei enger Dronenattack ëm d‘Liewe komm waren. Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat nach gëschter Owend an engem Videomessage viru méigleche russeschen Attacke gewarnt.