De Krich an der Ukrain schéngt keen Enn ze hunn. Nach ëmmer mussen all Dag Leit stierwen, well Russland d’Ukrain aggresséiert. Den autoritäre Regimm zu Moskau wëllt net opginn.
Et ass natierlech net déi éischte Kéier, datt d’Land autoritär geféert gëtt. Ufanks waren et d’Zaren, duerno d’Sowjetunioun. Eréischt 1991, nom Fall vun der Sowjetunioun, ass Russland méi demokratesch ginn.
Period no 1991 just "eng Paranthèse"
Deemools war den Hubert Wurth ganz no drun. Vun 1989 bis 1991 war hien nämlech de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau. Hien huet Moskau zu där Zäit mat Optimismus verlooss, wéi hien am 100,7-Interview erzielt huet. Et hätt ee gemengt, datt Russland sech zu enger Demokratie géing entwéckelen.
“Et war déi éischte Kéier an der Geschicht, datt d’Leit iwwerhaapt d’Geleeënheet haten iwwerhaapt drun ze denken, matzebestëmmen. A si hunn et gäre gemaach.”
Am Endeffekt war d’Period vun 1991 bis den Ufank vun den 2000er awer just “eng Paranthèse”, wéi de fréieren Diplomat seet. Mam Wladimir Putin gouf d’Land nees no an no autoritär.
“D’Land ass zeréckgaangen an d’Vergaangenheet. Soll ee sech doriwwer wonneren? Déi traditionell Strukturen, baséiert op Repressioun an Autoritéit, hunn e Réckschlag erlidden. Dat, wat haut geschitt, huet säin Ursprong an der Vergaangenheet.”
A Russland wier een nach ëmmer der Meenung, et kéint een d’Vergaangenheet nees hierstellen, seet den Hubert Wurth. En "irrationaalt Denken", wéi hie seet.
Diplomatie ka just eng Nieweroll spillen
Duerch de Krich an der Ukrain huet Russland sech an Europa isoléiert. Der Diplomatie sinn an där Situatioun awer och d’Hänn gebonnen, seet den Ex-Ambassadeur.
Als éischt missten déi Responsabel zu Moskau akzeptéieren, datt si e Feeler gemaach hunn. Soss wier en Enn vum Krich nëmme ganz schwéier ze erreechen. Dono gesäit et awer net aus, esou datt och d’Diplomatie net vill hëlleft, mengt den Hubert Wurth.
“Wann e Krich amgaangen ass muss een net mengen, datt Diplomatie de Krich ka verschwanne loossen. D’Ursaach vum Krich ass net mat Diplomatie aus der Welt ze schafen. Iwwer Spannunge kann ee schwätzen, an dat ass och gutt.”
Mee, esou de fréieren Diplomat, wann net iwwer d’Ursaache vun deene Spannungen an de betreffende Länner geschwat gëtt, kann d’Diplomatie just eng Nieweroll spillen.
Pessimismus ass ubruecht
Eng pessimistesch Vue, déi den Hubert Wurth huet. Eng Vue, déi fir hien awer realistesch ass.
“Wann all Dag geschoss gëtt a Leit stierwen, muss een net vun Optimismus schwätzen. Et kann ee roueg pessimistesch sinn.”
Et ginn nämlech praktesch keng Unzeechen dofir, datt de Regimm zu Moskau iergendeppes u senger Approche ännere wéilt.
Natierlech spillt d’Diplomatie weiderhin eng Roll, seet den Hubert Wurth. Et misst ee Russland ëmmer nees kloer maachen, datt de Krich ophale misst. Allerdéngs wéilt ee sech och net selwer aggressiv vis à vis vum Aggresseur verhalen.
“Mir an Europa, an och aner Länner, mussen dofir suergen, datt mir kloer sinn an eisen Aussoen.”
Um Enn vum Dag kéint d’Diplomatie ni d’Wierklechkeet ersetzen, seet de fréieren Ambassadeur, deen nieft Moskau och nach op anere Plazen uechtert d’Welt aktiv war.
D'Roll vun de Leit a vun der Arméi
Fir hien ass eppes kloer: Intern Problemer a Russland musse vun de Russen intern geléist ginn. Do ka weder d’Ukrain nach d’Diplomatie vun anere Länner eppes drun änneren.
1991 waren déi traditionell Strukturen esou geschwächt, datt d’Leit hir Chance gesinn hunn, an op d’Strooss gaange sinn, erzielt den Hubert Wurth. De sprangende Punkt war awer deen, datt - trotz dem Uerder vu ganz uewen - d’Arméi sech ni géint dat eegent Vollek gedréit huet.
An och haut kéint d’Arméi e wichtege Facteur sinn. Viru Kuerzem huet se nämlech gesot, se kéint net mat grousse Kampfgefierer duerch d’Stroosse vu Moskau patrulléieren.
“Dat kéint en Unzeeche sinn. Se kucken d’Realitéit, wéi se ass. Se hunn et hirem ieweschte Chef matgedeelt, an deen huet dat akzeptéiert. An deem Sënn huet d’Arméi leschte Mount bewisen, datt si e Facteur sinn, mat deem ee muss rechnen.”
Wat 1991 nach dobäi koum ass: D’Russe wollte méi westlech ginn, “méi wéi déi aner Leit och”, preziséiert nach den Hubert Wurth.