Krich an der Ukrain

Putin refuséiert déi vum Selenskyj proposéiert Gespréicher iwwer méigleche Fridden

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat gëschter an engem Bréif un de russesche President Wladimir Putin direkt Gespréicher iwwer een Enn vum Krich proposéiert. De Putin huet dës refuséiert, well déi Gespréicher verfréit wieren.

auto_stories

1 min

Verschidden Deeler vum Bréif wieren iwwerdeems onverschimmt, esou de Putin. Russland géif also weiderhin de Krich wielen, esou de Selenskyj. 

D'Ukrain huet hënt iwwerdeems Sankt Petersburg mat Drone viséiert. Do ass haut dee leschten Dag vum Wirtschaftsforum. Et wiere 25 Dronen an der Géigend vu Leningrad interceptéiert ginn, huet de lokale Gouverneur op Telegramm matgedeelt. 

Fir d'Ouverture vun dem Wirtschaftsforum e Mëttwoch haten ukrainesch Dronen eng Pëtrolsinstallatioun an ee militäresche Site an der Géigend getraff. 

Gerard Schröder a Russland 

De Wladimir Putin huet sech och mam fréieren däitsche Kanzler Gerard Schröder am Kreml getraff. Iwwer wat genee geschwat gouf, ass net gewosst. De Putin hat viru Kuerzem de Schröder als Verhandler tëschent Russland an der EU proposéiert fir d'Gespréicher iwwer een Enn vum Krich an der Ukrain. 

De Schröder huet keen offiziellen Optrag vun der EU. Déi europäesch Chefdiplomatin Kaja Kallas hat d'lescht Woch gesot, et wier onwarscheinlech, datt d'EU am Konflikt een Ënnerhändler géif nennen, deen net Member vun der europäescher Regierung ass. Dat wier nämlech eng Fal, an déi Russland d'EU lackele wéilt.