Et ass déi éischte Kéier an der däitscher Geschicht, datt d‘CDU an engem Bundesland net méi am Landtag ass.
AfD gewënnt och d'Landtagswalen a Mecklenburg-Vorpommern
Walgewënner a Mecklenburg-Vorpommern ass – zwou Wochen no hirem Succès a Sachsen-Anhalt – nees déi rietsextreem AfD, mat eppes méi wéi 38 Prozent – 20 Punkte méi wéi bei de leschte Walen a Mecklenburg-Vorpommern.
Well keng aner Partei mat hir wëllt zesummeschaffen, wäert d’AfD awer wuel net regéieren.
Op déi zweet Plaz kënnt d‘SPD vun der Ministerpresidentin Manuela Schwesig mat 35,5 Prozent. Si kann net méi, wéi bis elo, mat déi Linke eleng weiderregéieren. Si kéint awer eng rout-rout-gréng Koalitioun zu dräi forméieren.
Berlin: dD Walgewënner heescht Die Linke
An der däitscher Haaptstad Berlin huet Die Linke mat groussem Ofstand d‘Wale fir d’Abgeordnetenhaus gewonnen: Mat 25,7 Prozent huet si hiert Resultat vu viru fënnef Joer bal verduebelt. D‘CDU gouf zweetstäerkste Kraaft mat ronn 19 Prozent.
Hannendrun kommen d‘AfD mat ronn 16 an déi Gréng mat ronn 14 Prozent.
D‘SPD krut nëmme ronn 12 Prozent vun de Stëmmen. Domat huet zu Berlin d‘Koalitioun vu bis elo aus CDU an SPD hir Majoritéit verluer.
Drock fir dem Friedrich Merz seng Regierung
D‘Resultater vun de Walen dierften déi schwaarz-rout Regierungskoalitioun an Däitschland weider belaaschten.
De Kanzler Friedrich Merz huet d‘Walresultat a Mecklenburg-Vorpommern en Desaster genannt. Mee hie wëllt als Kanzler bleiwen a seng Reformen duerchsetzen, sot hien op enger Pressekonferenz gëschter am fréien Owend.
Beim CDU-Koalitiounspartner SPD sot de Generalsekretär Tim Klüssendrof awer op der ARD, d‘Koalitioun kéint net esou weider maache wéi bis elo: Et misste Korrekture bei der Rentepolitik gemaach ginn.
D‘AfD-Cheffin Alice Weidel sot hirersäits, d‘AfD hätt d‘CDU als Vollekspartei ofgeléist a si wier an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm.