D'CDU géing a Mecklenburg-Vorpommern e “beispiellosen Niedergang” erliewen: Dat seet de fréiere Bundesverkehrsminister Patrick Schnieder am 100,7-Interview. Elo sëtzt hie fir d’CDU am Bundestag. Dat fir de Kreis Bitburg.
Fréiere Bundesverkehrsminister: Et staut bei de Reformen
A Mecklenburg-Vorpommern hätt d’CDU jorelaang souguer de Ministerpresident gestallt. Elo ass d’Partei vum Bundeskanzler Merz ënner déi 5 Prozent gerutscht an domat net méi am Landtag vertrueden.
De Patrick Schnieder gesäit e puer Grënn dofir: d’Regierungspolitik an och déi negativ Stëmmung am Land.
Grousse Gewënner war wéi erwaart d’AfD. Déi rietsextreem Partei wäert et zwar wuel net an eng Regierung packen, mee hiren Zousproch ass nees enorm gewuess: E Plus vun iwwer 20 Prozent.
De Patrick Schnieder erkläert sech dat duerch e Vertrauensmanktem a Reformen, déi net gegraff hunn.
“Wir erreichen die Wähler nicht in ihren Alltagssorgen. Das hat damit zu tun, dass wir Reformstau haben, den wir auflösen müssen. Das ist immer mit Schmerzen verbunden.”
De Leit kloer maachen, wat dat eigentlecht Zil ass
Him géing et virun allem un engem klore Bild feelen dat weist, wou een als Regierung hi wéilt. D’Politik wier den Ament “ze abstrakt”. Dat notzt d’AfD aus, déi dës Onzefriddenheet bei de Wieler:innen ausnotzt.
Iwwerdeems ass de Succès vun der AfD net méi just op den Oste vun Däitschland ze begrenzen. Praktesch iwwerall géing d’Partei vun der Alice Weidel bäigewannen, warnt de Patrick Schnieder. Och a Rheinland-Pfalz, wou säi Brudder, de Gordon Schnieder, Ministerpresident ass.
“Wir mussen vernünftige Politik machen. Wir dürfen uns nicht streiten. (...) Wir müssen den Menschen klar machen, warum wir das machen. Es soll besser werden in Deutschland. Wir sind in einem Tal, aber wir wollen das machen um die Zukunft zu verbessern.”
D’Onrouen am Virfeld vun de leschte Landtagswalen hätten net gehollef: D’Affär ronderëm de Jens Spahn, an elo och d’Verhale vum Koalitiounspartner op Bundesebene SPD, déi d’Reforme vum Kanzler elo a Fro stellen.
Personalfro muss sech hannen ustellen
Wéi gesäit iwwerhaapt d’Zukunft vum Friedrich Merz aus? Net wéineg Stëmme fuerdere säi Récktrëtt. Hien huet awer betount, dat net wëlles ze hunn, an och weider um Poste vum CDU-Parteipresident ze bleiwen.
Dem Patrick Schnieder no wier dat eng Zort Tëschefazit. Elo géing een an där Form mol virufueren. Et géingen och keng Alternative ginn.
Datt et Diskussioune ronderëm de Friedrich Merz ginn, dat kéint een net ofstreiden. Mee fir virun ze komme géinge Personalfroen elo net hëllefen. Déi misste sech hannen ustellen.
“Wir müssen in der Sache vorankommen. Diese Koalition muss liefern. Das muss im Mittelpunkt stehen und nicht die Personalfrage.”
Sech mam Enn vu senger Zäit als Minister offonnt
Déi nächst Bundestagswale sinn 2029. Dem fréiere Bundesverkehrsminister géing dat duergoen, fir d’CDU nees op d’Been ze kréien. Awer just, wann een elo d’Saachen ëmsetzt, déi ee versprach huet, an de Leit esou weist, datt een net just schwätze kann, mee och handelen.
Perséinlech huet de Patrick Schnieder mat senger Zäit an der Bundesregierung ofgeschloss. Am Fréijoer krut hien en Uruff vum Friedrich Merz deen him matgedeelt huet, datt hien entlooss soll ginn. De Patrick Schnieder huet doropshin demissionéiert.
Et wier dem Kanzler säi gutt Recht esou Personalchangementer ze maachen. Eng richteg Äntwert op d’Fro, firwat et grad hie getraff huet, huet hien awer bis elo nach net kritt, esou de Patrick Schnieder. Mee hien hätt sech domadder offonnt.