Wirtschaft a Finanzen

Lëtzebuerger Wirtschaft: D'Enn vum "gëllenen Zäitalter"?

D'IDEA, d'Denkfabrik vun der Chambre de commerce, zeechent eng éischter däischter Zukunft, wat déi wirtschaftlech a finanziell Zukunft vum Grand-Duché uginn. An hirem Rapport, dee si rezent presentéiert hunn, gëtt vun engem Enn vum "gëllenen Zäitalter" geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

De Vincent Hein | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Vincent Hein (Foto: Jo Diseviscourt)

Am 100,7-Interview erkläert den Direkter vun der Fondatioun, de Vincent Hein, datt et zënter 2022 effektiv keng wirtschaftlech Croissance méi zu Lëtzebuerg gouf.

Wärend der aktueller Inflatiouns- an Energiekris weist Lëtzebuerg manner gutt Resultater op, wéi dat am Rescht vun Europa de Fall ass. Eng Nouveautéit, seet de Vincent Hein, well bis elo huet Lëtzebuerg esou Krisen ëmmer gutt iwwerstanen.

E Coup fir de Finanzsecteur

Wichteg bei dëse Krisebewältegunge war ëmmer de Finanzsecteur. Dee konnt d’Defaillance vun anere Secteuren ëmmer nees opfänken, esouguer wärend der Finanzkris 2008. Eng änlech Situatioun gouf et wärend der Covid-Pandemie.

Elo hätt d’Finanzplaz dës “Roll vum Retter” net méi, seet de Vincent Hein.

“Depuis 2022, la valeur ajoutée de la place financière a baissé plus que la moyenne dans la zone euro.”

Handelt et sech dobäi ëm eng Momentopnam, oder awer ëm eng permanent Tendenz? Dat wier ëmmer schwiereg ze soen, mengt den Direkter vun IDEA. D’Resultater aus dem Joer 2025 wieren net schlecht gewiescht. Déi meescht Banken hu schwaarz Zuele geschriwwen, et gouf nees méi a Fongen investéiert, an och dem Assurancësecteur geet et gutt.

Et wier deemno schwéier ze soen, ob et den Ufank vum Enn vun der Lëtzebuerger Finanzplaz wier, mee “elle a clairement reçu un coup après cette crise des taux.”

Energiekris net mat 2022 vergläichbar

Aktuell ass et d’Energiekris, déi d’Welt an Otem hält. Mam Blockage vun der Hormusstrooss an dem Krich am Noen Osten si Bensinn an Diesel an hirem Präis enorm geklommen.

Net just am Ausland, mee och zu Lëtzebuerg gëtt sech d’Fro gestallt, ob een d’Stéit an d’Entreprisen dofir elo finanziell ënnerstëtze misst. Net “de façon large et discriminative”, seet de Vincent Hein.

D’Situatioun vun elo wier net ze vergläiche mat 2022, wou wéinst dem Krich an der Ukrain de Präis vum Gas an d’Luucht geschoss war. Deemools hätt ee méi einfach d’Stéit mat Hëllefe cibléiere kënnen, seet de Vincent Hein. Haut hätt een aner Contrainten an d’Marche de manoeuvre wier eng aner.

Ausserdeem wier et een Zeechen, d’Elektrifikatioun unzedreiwen, och wat de Persounentransport ugeet, mengt den IDEA-Direkter.

Strategesche Blockage vun der Regierung?

An der Hallschent vun der Legislaturperiod ukomm huet d’Regierung scho vill fiskal Verspriechen ageléist. Dat schränkt hir Marche de manoeuvre fir déi nächst Joren awer an, esouguer fir déi nächst Regierung, notéiert d’IDEA an hirem Rapport. Ass dat gewollt?

Déi grouss Generositéit vun der aktueller Regierung schléit an d’Scholden, stellt de Vincent Hein fest. Provokant nennt hien et e “bloquage stratégique” fir d’Zukunft. Hien hätt awer net d’Impressioun, datt d’Regierung dat express géing maachen.

Et wier awer eng Demarche, déi géing weisen, datt d’Regierung wieder esou handelt, wéi wann et eng wirtschaftlech Croissance géing ginn.

“On ne peut plus continuer dans une dynamique comme telle.”

Och d’Steierreform géing aktuell Besoine couvréieren a sech net op eng wirtschaftlech Croissance baséieren, mee duerch eng Croissance vun der Schold finanzéiert ginn. Esou e System wier op laang Siicht net haltbar.

Aarbechtsmarché: KI net un allem Schold

E weidere Problem, wat d’Wirtschaft ugeet, ass den Aarbechtsmarché: Et gi wéineg nei Aarbechtsplaze geschafen, de Chômage klëmmt, d’Produktivitéit geet erof a KI stellt eis virun eng ongewëss Zukunft.

Den aktuelle Chômage ass méi héich wéi an der europäescher Moyenne, wat bal schonn eng Nouveautéit fir Lëtzebuerg ass. Och si vill Leit mat engem Diplom op der Sich no Aarbecht. Dat léich virun allem um IT-Secteur, dee lues géing dréien, seet de Vincent Hein. D’Schold dofir dierft een awer net der KI an d’Schong drécken, mee der staarker Konkurrenz aus dem Ausland.

Datt de Staat de Motor ass, wat d’Schafe vun neien Aarbechtsplazen ugeet, wier net onbedéngt eppes Schlechtes, seet den IDEA-Direkter. D’Land wiisst, an dofir och de Besoin no Administratioun. Mee et kascht d'Land natierlech vill an déi Dynamik misst een observéieren.

Och d’Administratioun wäert kuerz- oder laangfristeg méi digitaliséiert ginn, fir méi effikass ze ginn.

Demografesch Croissance net ënnerschätzen

De STATEC mengt iwwerdeems, datt et 2070 1 Millioun Awunner:innen zu Lëtzebuerg kéinte ginn. Gläichzäiteg preparéiert sech d’Land op d’Zukunft: 11 nei Lycéeë bis 2050, oder en Ausbau vum Findel

Dat wier och gutt esou, mengt de Vincent Hein. An de leschten 20 Joer hätt een den demografesche Wuesstem ëmmer ënnerschat. Dat wier ganz geféierlech, esou den Direkter vun der IDEA.

Lauschterenplay_arrow