Wirtschaft a Politik

Tripartite: UEL wëllt roude Fuedem, keng rout Linnen, seet den zukünftege President

De Marc Lauer wäert de Presidenteposte vum Entrepriseverband UEL am Oktober iwwerhuelen, mee schonn elo ass hie mat enger schwiereger Situatioun konfrontéiert: Kris am Noen Osten, Stëllstand am Sozialdialog, an eng Wirtschaft, déi net rullt. Wéi wëllt den zukünftege President dës Problemer ugoen?

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow

D’Mandat vum aktuellen UEL-President Michel Reckinger leeft den 1. Oktober aus. Dee Moment wäert de Marc Lauer de Posten iwwerhuelen.

Zënter där Annonce ass den designéierte President vum Entrepriseverband awer scho vill an de Medien opgetrueden. Fir hie selwer wier dat net iwwerraschend, seet de Marc Lauer am 100,7-Interview. Et wier normal, datt wann een Neien do ass, datt d’Leit sech fir deen intresséieren.

“Ech wëll probéieren, déi Froen, déi mir gestallt ginn, ze beäntwerten.”

Kontinuitéit statt Broch

Zu engem Broch wäert et an der UEL awer mat deem Wiessel net kommen, verséchert de Marc Lauer. Hie setzt op Kontinuitéit.

“D’UEL ass net just e President, mee dat si 6 Federatiounen an zwou Chamberen. Dem President säi Rôle ass et, rauszefannen, wéi een am beschten déi Interête verbënnt an no bausse vertrëtt.”

Wat de Sozialdialog ugeet pocht den zukünftege President op e respektvollen Ëmgang ënner de Sozialpartner. Et wier elo wichteg, Vertrauen ze schafen, seet de Marc Lauer. Dofir wéilt hie vill mat de Leit schwätzen, well just esou kéint ee wëssen, wat déi gären hätten, an och erklären, wat ee selwer wëlles huet.

Am Verglach zu sengem Virgänger wäert sech awer och hei net vill änneren, mengt de Marc Lauer.

“De Michel an ech, mir sangen ni zesummen. Am Fong wäert sech net vill änneren. Mir sinn zwee verschidde Charakteren a Personnagen, deementspriechend pake mir Sujeten och anescht un, mee ëmmer mat deem selwechten Zil.”

Net alles kann op der Tripartite diskutéiert ginn

Lëtzebuerg hätt vill Krisen an de leschte Joren duerchgemaach, seet de Marc Lauer. Den ekonomesche Modell hätt drënner gelidden a wier net méi deen, wéi nach virdrun. Dorop misst een elo Äntwerte fannen, betount den zukünftegen UEL-President.

Deelweis gi sech op der Tripartite Äntwerten erwaart. De Premier Luc Frieden huet awer schonn ugekënnegt, datt just d’Konsequenze vun der Kris am Noen Osten um Ordre du jour stoe sollen. Sujete wéi d’Energiekris an d’Inflatioun also.

Natierlech hätt d’Land och aner Problemer, seet och de Marc Lauer, an nennt de Logement, de Viellissement vun der Populatioun, an den Drock op d’Sécurtié sociale. Mee elo misst ee sech op dat konzentréieren, wat ee “relativ schnell” léise kéint.

“Mir mussen d’Effete vun der Energiekris offiederen, souwuel fir d’Entreprisen, wéi och fir d’Leit.”

Zeechen, déi engem Angscht maachen

Grad d’Entreprisë kréichen déi aktuell Kris ze spieren, erkläert de Marc Lauer. De Wuesstem bleift aus, den Aarbechtsmaart stagnéiert, an de Chômage klëmmt. Och wann net alles e Resultat vun der aktueller Kris ass.

Dat weess och de Marc Lauer.

“No der Pandemie hu mir net méi eise Modell vun der Croissance zeréckfonnt. 2025 si knapp 1.000 Emploien an der Privatindustrie geschafe ginn. Virun 3 Joer waren et der nach 10.000. (...) Bal een Drëttel vun den Handwierksbetriber ass net rentabel. Dat sinn Zeechen, déi engem Angscht maachen.”

De Sujet vun der UEL wier kloer d’Kompetitivitéit, genee wéi dat och op der Tripartite um Ordre du jour stoe soll. Ouni kompetitiv Entreprise géinge keng Aarbechtsplaze geschaf ginn, warnt de Marc Lauer.

“Mir mussen eis eng Kéier eens ginn, datt mir all am selwechte Boot setzen. (...) Wann dat Boot ënner geet, da gewanne weder d’Entreprisen, nach d’Salariéeën.”

Polver net ze fréi verschéissen

D’OGBL-Presidentin Nora Back huet am Virfeld vun der Tripartite schonn eng rout Linn gezunn: D’Gewerkschafte wéilten näischt ënnerschreiwen, wann net och iwwer de Mindestloun geschwat géing ginn.

An deem Kontext betount de Marc Lauer, datt d’UEL keng rout Linnen zéie wéilt, mee op e roude Fuedem pocht. Hie seet just, datt eng Erhéijung vum Mindestloun d’Kompetitivitéit vun den Entreprisë beaflosst.

“D’UEL bréngt dee Sujet net op den Dësch, mee mir kënnen net verhënneren, dat anerer wëllen driwwer diskutéieren. Mir sinn net Chef vum Ordre du jour.”

Eng Tripartite wäert wuel kaschten. Genee wéi och déi geplangte Steierreform. Et wier d’Verantwortung vun der Regierung, Prioritéiten ze setzen, seet dozou de Marc Lauer. Hie warnt allerdéngs, datt d’Land zënter 2020 eng Kris no der anerer duerchgemaach huet, an een dofir net “all eist Polver” ze fréi verschéisse sollt, well “soss bleift eis net vill fir d’Zukunft.”

Lauschterenplay_arrow