Nodeems den Image vun der Plaz duerch zum Beispill de LuxLeaks-Skandal beschiedegt gi wier, hätt sech d’Finanzplaz awer gutt erholl a géif net méi als Steierparadäis ugesi ginn. Fir den André Bauler sollt déi gutt Positioun weider verteidegt ginn.
“Fir d’Entwécklung vun eiser Finanzplaz ze garantéieren, musse mir versichen, fir méi attraktiv wéi aner Finanzzentren ze sinn. Dat geléngt eis deelweis, ass awer dacks och net de Fall.”
Aner Standuerter hätten dacks méi ze bidden, mee duerch hir Diversitéit an hiren Know-how hätt d’Finanzplaz nach e Virdeel, huet den DP-Deputéierte gemengt. An deem sengen Aen awer weider Innovatiounen néideg sinn.
Franz Fayot: Et soll eng ethesch Plaz sinn
Och fir de Franz Fayot ass d’Reputatioun vun der Finanzplaz e Plus, no ënner anerem LuxLeaks, an och an Zukunft wier eng zolidd reguléiert an ethesch Plaz néideg. Den LSAP-Vertrieder gesäit virun allem eng Zukunftsperspektiv fir d’Finanzplaz.
“Nämlech d’Finanzplaz ze si fir déi ekologesch Transitioun. Verschiddene Schätzungen no kascht déi ekologesch Transitioun eng 2 Prozent vum PIB weltwäit, all Joer.”
An d’Plaz hätt gutt Kaarten dofir, sot de Franz Fayot.
"Blue economy" een Theema
Dem Finanzminister Gilles Roth no steet d’Finanzplaz wesentlech fir de Modell Lëtzebuerg. Den CSV-Politiker huet erkläert, weider Acteuren op Lëtzebuerg wëllen unzezéien, zum Beispill aus Latäinamerika.
“Do sinn enorm vill Potenzialitéiten, an déi 6 gréisste brasilianesch Banken hunn hir Aktivitéiten hei mëttlerweil zu Lëtzebuerg.”
Bei grénge Finanzen an der Fongenindustrie wier de Grand-Duché féierend, mee et sollt een och zum Beispill un d’”blue economy” denken, spréch alles wat mat Waasser ze dinn huet, esou de Gilles Roth.