Educatioun

Lëtzebuerger Student gewënnt virum EuGh an dierf elo an der Belsch Medezin studéieren

Ee Lëtzebuerger Student, deen an der Belsch net ugeholl gi war fir e Medezinstudium, huet virum Europäesche Geriichtshaff Recht kritt. De jonke Mann hat säi Lycée zu Arel gemaach, hat och do säin Ofschloss kritt an den Opnam-Exame fir Medezin-Etudë gepackt. 

auto_stories

1 min

EuGH | © picture alliance / Joko | Joko
EuGH (Foto: picture alliance / Joko | Joko)

Hien ass awer net ugeholl ginn, well et an der Belsch e Contingent fir auslännesch Medezinsstudente gëtt. De Lëtzebuerger ass refuséiert ginn, well hien net an der Belsch wunnt.

D‘Riichter um Kierchbierg hunn dem Mann elo Recht ginn an zréckbehalen, datt Studenten, déi net an der Belsch wunnen, déi awer hire Secondaire gréisstendeels do gemaach hunn, wéi och hire Bac do kritt hunn, selwechten Accès fir Medezinsstudien misste kréien, wéi Residenten.