Online-Bedruch

Unzuel vu Plaintë wéinst "Phishing" geet an d'Luucht

D’Police schätzt, datt duerch de Phishing-Phenomen zënter 2023 ee Schued vu ronn 10 Milliounen Euro fir Affer hei am Land entstanen ass. Den tatsächleche Schued dierft nach méi héich sinn. Dat äntweren den Inneminister Léon Gloden an d’Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Zoonar | Alexander Limbach
(Foto: picture alliance / Zoonar | Alexander Limbach)

D’Zuel vun de Plaintë wéinst dëser Form vun Online-Bedruch, dem sougenannte Phishing, ass geklommen. 

Déi Zuel louch d’lescht Joer bei 367. Dat Joer virdru waren et 247 Plainten, wéinst Fäll an deene Krimineller mat beispillsweis gefälschte Websäiten oder Mailen un Date vun Internet-Notzer koumen, an hir Bankkonte geraumt hunn, oder an hirem Numm online akaaft hunn.

Spezialkommissioun géint Phishing

Fir méi geziilt géint dëse Phenomen virzegoen, gouf d’lescht Joer eng Spezialkommissioun gegrënnt, mat 15 Enquêteuren an Experte vun der Kriminalpolice, heescht et an der Äntwert vun de béiden CSV-Ministeren op d’Fro vun den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Mars Di Bartolomeo.

D’Police ass de Moment mat 88 Enquêtë wéinst Phishing an änleche Bedruchsfäll beschäftegt. D’Identitéite vun 117 presuméierten Täter konnten ermëttelt ginn a 45 Persoune goufe festgeholl. 80 Dossiere goungen un Untersuchungsriichteren an der Stad an zu Dikrech.

Goufe scho Verurteelungen an deem Kader

Zënter 2023 goufen a verschiddenen Affäre vun dësem Typ Täter penal verurteelt, zu Prisongs- a Geldstrofen an et goufe Confiscatiounen, notéieren déi zwee Ministeren, ouni awer Zuelen dozou ze liwweren.

D’Regierung hätt wëlles d’Personal bei der Justiz massiv ze verstäerken an hir déi néideg Mëttel ze ginn, ënner anerem fir de Kampf géint déi wirtschaftlech an déi finanziell Kriminalitéit ze verstäerken.

D’Police wäert d'nächst Woch hire ganzen Aktivitéitsrapport 2025 mat allen Zuelen zur Kriminalitéit an der Chamber a virun presentéieren.