Educatioun

Vill Jonker gesinn d'KI als Kolleeg - Educatiounsministère wëll deem entgéint wierken

Den Educatiounsministère wëll Jonker an hir Elteren op d’Risike vu sougenannte KI ChatBots opmierksam maachen. No engem rezente Rapport vun der Berodungsstell BeeSecure, deelen ëmmer méi Jonker hier emotional Problemer mat enger KI, oder si sichen do a sensibele Beräicher no Rotschléi.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

An der Mëtt: De René, d'Maskottche vun der Campagne | © Moris Garzaro play_arrow
An der Mëtt: De René, d'Maskottche vun der Campagne (Foto: Moris Garzaro)

Elo soll eng Campagne dësem Problem entgéint wierken. 

Quasi all sechste Jonken zu Lëtzebuerg bezeechent d'KI als Frënd

20 Prozent vun de befrote Jonke benotzen hei am Land eng KI fir sech manner eleng ze spieren a 17 Prozent stufen se souguer als Frënd an. Dëst geet aus dem BeeSecure-Radar 2026 ervir, wou de Fokus op der Kënschtlecher Intelligenz loung.  

Mat enger Campagne vum Educatiounsministère déi an Zesummenaarbecht mat der nationaler Schülerkonferenz "CNEL" a BeeSecure an d’Liewe geruff gouf, soll e méi kriteschen Ëmgang mat Chatbots gefërdert ginn. De wichtegste Message wier,datt d'KI eebe kee Mënsch wier, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

“Kee Mënsch, dee Jonker zur Selbstännegkeet unhält, zum kriteschen Denken a virun allem eeben och mënschlech Kontakter, tëschemënschlech Kontakter stimuléiert."

Sozial Isolatioun, den Ersatz vu mënschleche Relatioune mee och d’Deele vu perséinlechen Donnéeë mat engem Chatbot sinn e puer vun den zentralen Themen déi mat der Campagne ugeschwat ginn.

KI soll duerch d'Campagne net schlecht gemaach ginn

Mat engem Internetsite, iwwert d’Soziale Medien an an Zesummenaarbecht mat de Lycéeë soll des Campagne tëschent Abrëll a Juni dëst Joer déi Jonk an awer och déi Erwuesse sensibiliséieren.

Dem Alessio vun der CNEL war et wichteg ze betounen, datt et heibäi net drëm geet KI schlecht ze schwätzen.

“Dofir ass dës Campagne net géint Technologie geriicht, mee fir e bewossten, kriteschen a verantwortungsvollen Ëmgang domat. Déi gréisste Gefor vun der KI ass net, wat se mécht. Mee wat a ween mir lues a lues duerch se ersetzen.”

Eegens fir d'Campagne, gouf dann och e Maskottche mam Numm René lancéiert.

 

Lauschterenplay_arrow