No Neiwalen

Lee Jae Myung als neie südkoreanesche President vereedegt

A Südkorea gouf de Lee Jae Myung als neie President vereedegt. De lénken Oppositiounspolitiker huet déi virgezunne Presidentewal gewonnen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Chris Jung
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Chris Jung)

An enger Ried huet hie versprach d‘Land nees ze vereenen.

Hien iwwerhëlt d‘Presidence vum Konservative Yoon Suk Yeol, deen ofgesat a wéinst Héichverrot ugeklot gouf, dat nodeems hien zejoert d‘Krichsrecht ausgeruff an d‘Land an eng Staatskris gestierzt hat.