Walen

Brasilie wielt e neie President: Lula oder Flavio Bolsonaro?

159 Millioune Wieler sinn am südamerikanesche Land dozou opgeruff hire Stëmmziedel ofzeginn. Si hunn de Choix tëscht 12 Kandidaten. Dominéiert gëtt d'Wal vum aktuelle President Lula an dem Jong vum viregte President, de Flavio Bolsonaro.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© EPA/Sebastiao Moreira play_arrow
(Foto: EPA/Sebastiao Moreira)

De Sondage no kéint et extreem knapp ginn. De Lula kéim am éischten Tour op 45 Prozent, de Flavio Bolsonaro op 42 Prozent .

Am Mëttelpunkt vum Walkampf stinn d’Theeme Sécherheet, Korruptioun a Souveränitéit. Den US-Amerikanesche President Donald Trump huet zënter laangem säi Camp gewielt. 

De Flavio Bolsonaro kritt prominent Ënnerstëtzung

A Latäin-Amerika goufen et an de leschte Joren eng Rei Victoirë fir riets Parteien, eppes wat den US-amerikanesche President ëmmer nees ënnerstëtzt huet. Den Donald Trump wier och ganz zefridde wann déi gréisste latäin-amerikanesch Ekonomie vum riets-liberale Camp géif regéiert ginn.

Den Donald Trump huet de Flavio Bolsonaro zwar net offiziell ënnerstëtzt, mee de brasilianesche Presidentschaftskandidat gouf am Mee an d’Wäisst Haus invitéiert. De Flavio Bolsonaro ass 45 Joer al, an ass de Fils vum fréiere President Jair Bolsonaro, deen zu 27 Joer Prisong condamnéiert gouf wéinst engem versichte Putsch. 

Sollt säi Fils un d’Muecht kommen, da kéint hie warscheinlech begnodegt ginn. Iwwert de Flavio Bolsonaro leeft och eng Enquête wéinst Korruptioun a Blanchiment am Kontext vum Finanzement vun engem Film iwwer säi Papp Jair. 

Kampf géint Drogebanden 

De Flavio Bolsonaro verdeedegt eng ganz liberal an autoritär Politik, mat engem Ofbau vun de staatleche Leeschtungen an eng verstäerkte Repressioun vun der Kriminalitéit. D’Sécherheet wier ee grousse Problem a Brasilien, mat Drogebanden déi an de Favelas d’Muecht hunn, an der geschlechtsspezifescher Gewalt, déi  den Alldag markéieren.

De Luis Inacio Lula da Silva, dogéint ass 80 Joer al, a strieft ee véiert Mandat un. Hie vertrëtt eng sozial Politik. Fir den Drogebanden entgéintzewierke wëllt hie virun allem d’Finanzstrukture vun de kriminelle Gruppe bekämpfen.

D’Natur- a Klimaschutzpolitik ëm den Amazonas war dogéint keen zentraalt Theema am Walkampf. 

Packt een et am éischten Tour?

De Lula  warnt och virum Drock vun den USA. D’Souverainitéit vu Brasilien wier a Gefor. Den Donald Trump hat no der Condamnatioun vum fréiere President Jair Bolsonaro mat enger Erhéijung vun den Douanestaxe gedreet. Virun deem Afloss misst ee sech schützen esou de Lula.

Béid Kandidaten hoffen datt se haut kënnen direkt gewielt ginn. Soss ass den 23. Oktober deen zweeten Tour.

1.444 ageschriwwe Wieler zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg si Leit, déi mat wielen däerfe ween de nächste brasilianesche President gëtt. Dat sinn 1.444 Leit déi déi brasinialesch Nationaleit hunn an zu Lëtzebuerg liewen.

Am Escher Gemegnhaus ass de Walbureau zënter aacht Auer de Moien op. De Mëtteg um fënnef Auer mécht en seng Dieren zou. D'Walen zu Esch goufen iwwer d'brasilianescht Generalkonsulat vu Bréissel organiséiert.

Lauschterenplay_arrow