Finanzpolitik

Gilles Roth verteidegt de Budget: "Mir reagéiere mat gesondem Mënscheverstand"

Vu Sue spuere war gëschter bei der Ried zum Budget 2027 näischt ze héieren. Dobäi befanne mir eis a schwieregen an onprevisibelen Zäiten, wéi grad Politiker net midd ginn ze betounen. An awer géing der Regierung hir Finanzpolitik op "gesondem Mënscheverstand" baséieren, betount de Gilles Roth.

auto_stories

5 min

headphones

12 min

De Gilles Roth | © Radio 100,7 play_arrow
De Gilles Roth (Foto: Radio 100,7)

Huet de Gilles Roth seng Regierungskolleegen net am Grëff? Mat där Fro hat de Finanzminister net am 100,7-Interview gerechent.

Ugespillt ginn ass op e Circulaire, deen hien am Februar rausginn hat, an deen deenen anere Ministèren d’Consigne ginn huet, hir Depensen net ëm méi wéi 4,5 Prozent wuessen ze loossen.

Elo ass een am Budgetsprojet beim Zentralstaat bei enger Progressioun vu 6,5 Prozent gelant.

Méi Depensë wéi gewënscht, mee all Minister wëllt eebe seng Projeten duerchzéien

Hien hätt säi Bescht versicht, esou den CSV-Finanzminister. Um Enn awer hätt jidderee vun de 15 Minister seng Responsabilitéit, seng Departementer a seng Projeten, déi e wéilt duerchzéien. Dofir géingen nu mol Kreditter ugefrot ginn.

“Ech hunn dës Öftere scho gesot, wa mir eng 5 vir hunn – also 5,9 – da leeft dëst Land, well ech dovun ausginn – historesch gesinn – datt mir eng Progressioun vun eisen Einnamen hunn déi sech tëschent 6 a 7 Prozent pro Joer beweegt am Duerchschnëtt.”

Dëst Joer läit een ausnamsweis driwwer, bei 11,4 Prozent nämlech. Bleift ze kucken, wat nach um Enn vum Joer iwwereg bleift.

Theema Cotisatiounserhéijung bei der CNS: De Gilles Roth antizipéiert

Vill grouss Ukënnegunge konnt de Gilles Roth gëschter bei der Presentatioun vum Budget net maachen, well villes scho bekannt war: D’Steierreform, de Booster fir de Logement, oder och de groussen Investissement an d’Schinn.

Hien huet awer och vun enger Erhéijung vun de Cotisatioune bei de Krankeversécherunge geschwat. Eppes, wat formell nach net decidéiert ass.

De Gilles Roth erkläert, datt ee scho bei der Quadripartite eng Rei Gespréicher gefouert hätt, an datt de Budget ëmmer Kreditter virgesi muss, esouwäit déi da previsibel sinn. Et ass also eng Zort Anticipatioun, déi de Minister hei mécht.

“Reng rechtlech gesinn ass et um Verwaltungsrot vun der CNS, wann et sollt zu Cotisatiounserhéijunge kommen, fir den Equiliber an der Krankekeess ze halen.”

Gilles Roth hofft op "raisonabele" Gehälteraccord beim Staat

D’Personalkäschte beim Staat klammen iwwerdeems ëm 460 Milliounen Euro. De Finanzminister erkläert am 100,7-Interview, datt sech déi Käschten aus dräi Deeler zesummesetzen: Neiastellungen, Glissementer an der Karriär a méiglech Indextranchen.

Den Accord salarial ass net am Budget virgesinn. Den aktuellen Accord leeft Enn dës Joers aus. De Gilles Roth gesäit d’Situatioun awer nach entspaant.

“Den aktuellen Accord geet bis Enn vum Joer. Traditionell ass et esou, datt mol an deem Joer, wou dann den Accord soll ufänken, réischt am Laf vum Joer en Accord fonnt gëtt, an da wierkt dee réckwierkend.”

De Gilles Roth hofft awer, datt sech d’Verhandlungspartner op e “raisonabelen Accord” eenegen. 

Retenue à la source: "Meng Imaginatioun ass net kleng" 

A senger Ried ass och annoncéiert ginn, datt d’Plus value, déi ee mécht, wann een Aktie verkeeft, net méi schonn no 6, mee réischt no 12 Méint steierfräi sinn.

“D’Imaginatioun, fir déi Suen anzedreiwen, ass net kleng. Zum Beispill kéint ee sech och emol Gedanke maache fir eng Retenue à la source opzehiewen. Dir wësst, datt mir eng Quellebesteierung hunn op den Zënsen.”

Et misst een awer kucken, ob dat och de Wonsch vun enger Majoritéit an der Chamber ass, mengt de Gilles Roth. Seng Imaginatioun wat dat ugeet wier awer jiddefalls “net kleng”.

Lëtzebuerg-USA: De Staat leet keng Sue bäi

Wat de Volet Mobilitéit ugeet huet de Gilles Roth a senger Ried gëschter och déi nei Fluchverbindung tëschent Lëtzebuerg an Newark ugeschwat.

Hie betount allerdéngs, datt de Lëtzebuerger Staat do keng Sue bäileet.

Och wann et “tumultuös” Zäite wieren, esou bleiwen d’USA awer e wichtege Partner fir Lëtzebuerg, betount den CSV-Minister, deen iwwerdeems och hofft, datt de Fluch fir Finanzmissiounen a soss Visitten an d’USA genotzt ka ginn.

Méi Liquiditéiten am Ufank vun engem Joer néideg

Dëse Mount gëtt dann nach eng neien Emprunt gemaach. De Gilles Roth erkläert, datt een Emprunt vun 1,7 Milliarden Euro ausleeft, an dee mam neien Emprunt refinanzéiert gëtt.

“Mee traditionell brauch de Staat eng Rei Liquiditéiten am Ufank vum Joer fir d’Fongen ze speisen, dofir geet een elo méi léinen, dofir geet kuerzfristeg d’Schold a Prozenter par rapport zum Bruttoinlandsprodukt erop, fir da rëm ofgeflaacht ze ginn.”

De Minister betount awer, datt all geléintent Geld och nees muss zeréckbezuelt ginn. Dat gëllt och fir den Housing bond, deen een nom grousse Succès vum Defence bond am Januar 2027 uleeft.

Nopeschlänner si kee gutt Beispill, esou de Gilles Roth

A senger Presentatioun vum Budget huet de Gilles Roth net vun onstabillen Zäite geschwat, oder dovun, datt ee grad elo misst virsiichteg sinn, oder esouguer spuere misst.

Et huet ee bal den Androck, de Finanzminister Roth ass de Géigenentworf zum Oppositiounspolitiker Roth.

De Gilles Roth weist dorop hin, datt hien – och als Finanzminister- net an eng Comptabels-Logik verfale wëllt. Hie wéilt op d’Suerge vun de Leit agoen an déi sozial Kohäsioun stäerken. Dat wier eppes, wat d’Regierung och maache géif, mengt de Minister, an nennt als Beispiller d’Erhéijung vum Kannergeld, vun der Kafkraaft an d’Ënnerstëtzung fir d’Entreprisen.

“Mir reagéieren net mat Fatalismus, mee mat Realismus a mat gesondem Mënscheverstand.”

Gläichzäiteg géing een ënner den 30 Prozent Staatsverscholdung bleiwen. Eng Situatioun wéi an eisen Nopeschlänner wënscht sech de Gilles Roth allefalls net.

Lauschterenplay_arrow