Knapp 23,9 Milliarden Euro Recetten huet den Zentralstaat bis Enn September erakritt. Dat si ronn 10 Prozent méi wéi an den éischten néng Méint zejoert.
D'Depensë sinn ëm ronn 9 Prozent op 24,2 Milliarden Euro geklommen. Domat bleift en Defizit vun 339 Milliounen Euro. Zejoert waren et zu dësem Zäitpunkt nach 521 Milliounen.
Finanzminister gesäit nach Loft no ënnen
De Finanzminister Gilles Roth gesäit virun allem positiv, datt d'Recetten den Ament méi séier klamme wéi d'Depensen.
"Mir mussen awer virsiichteg sinn, well mir hunn op där anerer Säit eng Steigerung vun den Ausgabe vun 8,9 Prozent. Ech mengen, datt do nach Loft no ënne wier. Mee dee positive Schéiereffekt, dat heescht, datt d'Einnahme méi an d'Luucht gi wéi d'Ausgaben, ass eppes, wat mech net schlecht stëmmt."
Déi gutt Recettë sinn ënner anerem op d'Finanzplaz zeréckzeféieren. Donieft huet de Staat jo ronn 450 Milliounen Euro méi Ierfschaftssteier erakritt wéi zejoert, wéinst enger aussergewéinlecher Ierfschaft.
Suergen ëm déi geplangte Steierreform
Zwee Deeg ier der Regierung hire Budgetsprojet fir 2027 presentéiert gëtt, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson, trotz de méi héije Recettë géif de Staat nach ëmmer rout Zuele schreiwen.
"Dat geet eeben dorop zeréck, datt mer ganz héich och eng Augmentatioun vun den Depensen hunn. Dat ass net eppes, wat een eng gesond Situatioun kann nennen."
Och d'LSAP warnt, datt en Deel vun de Recetten net garantéiert ass, esou de Franz Fayot.
"Dat sinn all Kéiers positiv Nouvellen, wou een hofft, datt se och weider esou bleiwen, mee wou een awer trotzdeem gesäit, datt dat op relativ wackelege Féiss steet."
D'LSAP mécht sech dobäi och Suergen ëm déi geplangte Steierreform, déi de Staat all Joer bal eng Milliard Euro u Recettë kaschte soll.
De Gilles Roth hält do dogéint an argumentéiert, d'Entwécklung vun de Recetten géif hie weider optimistesch stëmmen, datt d'Steierreform finanzéierbar ass.