Den Dag vu muer hätt och Potenzial gehat, fir immens waarm ze ginn, seet de Luca Mathias.
"Mee mir hunn do eng Stéierung, déi scho géint d'Mëtteg respektiv am fréien Nomëtteg duerchzitt, wou et dann och séier ofkille wäert. Dat heescht, jo de Mëttwoch haut, dat bleift de wäermsten Dag vun der Woch."
D'Temperature géife vun do un och nees erofgoen. E Freideg beispillsweis sollt et liicht ënner 30 Grad bleiwen.
"An da fir e Samschdeg a Sonndeg da klamme mir erëm liicht iwwer 30 Grad an da gëtt den nächste Peak héchstwarscheinlech e Méindeg d’nächst Woch erwaart."
A fir e Méindeg misst mat engem Maximum vun 33 bis 34 Grad gerechent ginn. Eng richteg Ofkillung wier fir déi nächst Woch net a Siicht, esou de Luca Mathias vu MeteoLux, och wann et muer manner waarm géif gi wéi haut. Och Ree wier net vill a Siicht.
Wéinst de Bëschbränn a Frankräich géif et e klenge Risiko ginn, datt muer am Laf vum Dag Konzentratioune vun Damppartikelen iwwer Lëtzebuerg zéien. Dat géif awer ënner anerem dovun ofhänken, wéi aktiv d’Feieren haut nach sinn, huet de Luca Mathias de Moien am 100,7-Interview erkläert.
Gemeng Déifferdeng huet ee Canicule-Plan
Fir de Zenario vun der nächster oranger Warnstuf gëtt an der Buvette vun der Déifferdenger Gemeng vum Sportzenter-John-Scheuren all Dag vun 11:00 bis 19:00 Auer eng encadréiert klimatiséiert Openthaltsplaz opgemaach, wou et och gratis Drénkwaasser gëtt. Dat deelt d‘Gemeng an engem Communiqué mat.
D'Mesure riicht sech virun allem u Persounen, déi sech doheem net genuch virun der Hëtzt schütze kënnen. Besonnesch eeler Awunner:inne solle vun de Gemengeservicer proaktiv kontaktéiert ginn.
De Canicule-Plang ass vun haut un operationell a gëtt automatesch aktivéiert, wann déi national Autoritéiten eng orange Hëtztwarnung ausruffen.