Tripartite

Georges Engel: Heiansdo brauch et Léisungen, déi am Widdersproch zur Politik stinn

Nom éischten Dag vun der Tripartite hu sech déi concernéiert Acteuren optimistesch gewisen. Dat stëmmt och de Georges Engel positiv. Déi richteg Knackpunkte gi sech awer fir haut erwaart. An den LSAP-Co-Parteipresident ka sech och net mat all Propos, déi um Dësch läit, ufrënnen.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

De Georges Engel | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Georges Engel (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Tripartite ass nach net eriwwer, mee d’Gewerkschaften an d’Patronat hu gëschter virsiichteg optimistesch Téin vu sech ginn. E gemeinsamen Accord schéngt also net onméiglech ze sinn.

Den LCGB-President Patrick Dury huet esouguer vun de beschte Gespréicher an de leschten 2,5 Joer geschwat.

Schlecht Sondagewäerter als Grond fir déi positiv Gespréicher um éischten Dag?

Dës Aussoe freeën och de Georges Engel. De Co-Parteipresident vun der LSAP seet am 100,7-Interview, datt positiv Gespréicher gutt fir d’Land an déi wirtschaftlech Situatioun wieren.

Hie mengt och, datt eventuell déi schlecht Sondagewäerter vum Premier d’Regierung dozou bruecht hätten, hir Ëmgangsweis mat de Sozialpartner ze iwwerdenken.

“Et kann awer och den Eescht vun der Situatioun sinn, datt si gesinn hunn, datt mir mussen an engem Sozialdialog probéieren, eis Problemer ze léisen, an net mat der Briechstaang.”

D'Tripartite: E "komplext Gebilde", seet de Georges Engel

D’Propose vun der Regierung, fir d’Energiekris ofzefiederen, sinn nach net bekannt.

Wann ee sech awer de Fuerderungskatalog vu Patronat a Gewerkschaften ukuckt, da kann ee sech denken, op wat et erauslafe kéint: Beispillsweis eng Reduktioun vun den Akzisen op den Heizungsmasutt an en Erofsetze vun der TVA op d’Energie.

Fossil Energie méi bëlleg maachen also. Steet dat net am Widdersproch zur eigentlecher Klimapolitik?

Jo, seet de Georges Engel. Hie betount awer, datt eng Tripartite “e komplext Gebilde” ass, wou een de richtege Feeling brauch, wéi eng Moossnamen hëllefe kënnen.

“Alles, wat mir elo ausginn oder net eranhuele vu Suen, wat d’Energietransitioun bremse kann, geet an déi falsch Richtung. Punktuell Moossname fir e klengen Zäitraum kënnen awer hëllefen, fir d’Inflatioun esou ze bremsen, fir eng weider Indextranche ze verhënneren.”

Fir datt een eeben net ze vill Zäit a Saachen Ëmsetze vun der Klimapolitik verléiert, sollen esou Moossnamen dem Georges Engel no just kuerzfristeg ëmgesat ginn, och wa se laangfristeg e Widdersproch kéinten duerstellen.

Mindestloun a Logement gehéieren och op den Dësch

De Premier Luc Frieden huet gëschter och annoncéiert, datt haut um zweeten Dag de Logement an de Mindestloun um Ordre du jour stinn. A propos Ordre du jour: D’Diskussiounen do ronderëm hunn de Georges Engel stutzeg gemaach, wéi hien zougëtt.

“Et ass komesch, datt een net wosst, iwwer wat ee schwätzt.”

Als LSAP wier een dofir, och iwwer de Mindestloun an de Logement ze schwätzen, well Moossnamen an deem Beräich de Leit direkt hëllefe kéinten.

“D’Tripartite ass e Kriseninstrument dat benotzt gëtt, nëmme wann et eng konkreet Kris gëtt. Et ass net d’Plaz fir alleguer d’Problemer kënnen ze diskutéieren. Dofir gëtt et e Parlament. Mee nach ass et richteg: De Mindestloun an de Logement sinn akut Problemer.”

"Kee Parlament nieft dem Parlament"

D’Gewerkschafte géingen awer och gären iwwer de Sozialdialog am Allgemenge schwätzen a fuerderen zum Beispill d’Aféiere vun engem Gremium, dat nom Prinzip vun der Co-Decisioun funktionéiert. Géing d’Parlament dann net iwwergaange ginn?

De Georges Engel weist drop hin, datt et schonn esou änlech Gremie géing ginn, déi “triparitär” zesummegesat sinn, wéi zum Beispill de Conseil économique et social. Hie gesäit dës Propos vu Gewerkschaftssäit awer éischter kritesch.

Et bréicht een net nach e weidert Gremium, esou de Georges Engel, dee sech virstelle kéint, datt een e consultatiivt Gremium aféiert, dat d’Parlament beréit fir ze wëssen, wou d’Sozialpartner mat der Regierung hiwëllen.

“Ech well awer net e Parlament nieft dem Parlament hunn. Do sëtze Leit dran, déi si gewielt ginn, déi sollen d’Decisiounen huelen. (...) Ech sinn do éischter skeptesch.”

Kloer Iddi wat de Mindestloun ugeet

Wat de Mindestloun ugeet wëllen d’Gewerkschaften, datt deen direkt ëm 300 Euro de Mount gehéicht soll ginn. D’LSAP favoriséiert eng aner Approche: Elo ëm 100 Euro, an an engem Joer nees ëm 100 Euro.

“Da komme mir op 60 Prozent vum Medianloun, wat der EU-Direktiv entsprécht, déi ee muss ëmsetzen.”

Ausserdeem wéilt een déi grouss Betriber mat vill Benefice aneschters behandele wéi déi kleng. Deel-Kompensatioune vum Staat kéinten do beispillsweis an d’Spill kommen.

LSAP: Net un den Index fréckele goen

Iwwerdeems soll der LSAP no net um Index gefréckelt ginn. Dat hätt och esou an hirem Walprogramm gestanen, betount de Georges Engel.

“D’Kafkraaft muss gestäerkt ginn, d’Ekonomie muss ugekuerbelt ginn. (...) Et muss een och mol déi positiv Effete vun esou Moossname gesinn an net ëmmer nëmme gesinn, datt et e Coût ass.”

Dee Coup vum Georges Engel goung a Richtung Patronat, déi eng zweet Indextranche dëst Joer verhënnere wëllen, an d’Iddi vum gedeckelten Index an d’Spill bruecht hunn.

D’LSAP awer ass och do dogéint, well wann ee bis ugefaangen huet den Index bei den héije Salairen ewechzehuelen, séier bei Diskussiounen iwwer déi niddereg Salairë kënnt, mengt de Co-Parteipresident vun der LSAP.

Lauschterenplay_arrow