Haut um Dënschdegmoien ass an der Chamber eng Sëtzung vun der parlamentarescher Finanzkommissioun, a Presenz vum Premier Luc Frieden, Vertrieder:inne vun der Spuerkeess an dem Finanzministère.
Et geet drëm, datt d’Spuerkeess Konte vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag zougemaach huet.
D'Fro vum Wiem a Firwat?
De Franz Fayot (LSAP), deen och an där Kommissioun sëtzt, erkläert am 100,7-Interview, datt een nach net wéisst, firwat dat geschitt ass. Och stellt sech d’Fro, wien dës Entscheedung geholl huet.
“Ass et fir den Amerikaner e Gefalen ze maachen an ze kucken, datt kee Schued un (der Spuerkeess) hir Affäre géing kommen an den Accès op den amerikanesche Marché ze behalen?”
Aus fräie Stécker oder stoung een ënner Drock: Déi Fro misst ee sech also stellen, esou de Franz Fayot. Ausserdeem misst een hannerfroen, wéi mam Bankgeheimnis esou Informatiounen iwwerhaapt public konnte ginn.
Premier wëllt vun näischt eppes wëssen
Um Mikro vum Radio 100,7 seet de Franz Fayot, datt ee wéisst, datt et Kontakt gouf tëschent der Spuerkeess an dem Cabinet vum Staatsministère. Net gewosst ass, ob et drëms goung, d’Regierung ze informéieren, oder se ëm Rot ze froen. Eng net onwichteg Fro, betount den LSAP-Deputéierten.
“Dat ass eng strateegesch Decisioun. Et ass net egal wiem säi Kont zougemaach ginn. Den Internationale Strofgeriichtshaff ass e Pilier vum internationale Rechtssystem.”
De Premier Luc Frieden sot nach am 100,7-Interview, datt net perséinlech mat him iwwer deen Dossier geschwat gi wier. Och den Ausseminister géing op de Finanzministère verweisen, mierkt de Franz Fayot un.
“Et geheit een deem aneren déi waarm Gromper zou.”
Entscheedung mat engem politesche Volet
Kloer wier jiddefalls, datt déi Entscheedung deels politesch ze interpretéiere wier, seet de Franz Fayot. Well wann d’Spuerkeess d’Regierung ëm Rot gefrot sollt hunn, da muss déi jo wuel gréng Luucht fir d’Fermeture des comptes ginn hunn.
An deem Kontext erënnert de fréiere Wirtschaftsminister och drun, datt de “Gehorsam vis à vis vun den Amerikaner” eis drun hënnert, déi richteg Decisiounen ze huelen, an zum Deel och drun hënnert, eise vëlkerrechtleche Flichten nozegoen.
“Lëtzebuerg huet eng Flicht fir mam Strofgeriichtshaff ze kooperéieren. Mat där Decisioun hu mir dat net gemaach.”
Rapport vun der Cellule scientifique
Stéchwuert vëlkerrechtlech Flichten: D’Cellule scientifique vum Parlament huet sech mat der Fro beschäftegt, ob Lëtzebuerg sech schëlleg mécht – an domadder och responsabel gemaach ka ginn – wann et net alles mécht fir dat illegaalt virgoe vun Israel an de vun hinnen occupéierte Gebidder ze verhënneren. D’Äntwert: Jo.
De Constat, esou de Franz Fayot, wier net nei: Israel occupéiert illegalerweis palästinensesch Territoiren. Dat si Verstéiss géint d’Vëlkerrecht. Et géingen och raisonnabel Grënn fir e Vëlkermord ginn, betount de Franz Fayot.
Aus där Situatioun ergi sech eng Rei Flichten, deenen ee sollt nogoen, an Aktiounen, déi ee sollt ënnerloossen, esou de Rapport vun der Cellule scientifique.
"Mir hunn d'Flicht, eppes ze maachen"
Allgemeng sollt een déi illegal Situatioun net unerkennen an näischt maachen, fir d’Situatioun ze verschlëmmeren. Et kann ee Mesuren huelen a Saachen Handel, Fuerschung oder Sanktioune géint politesch a militäresch Responsabeler.
De Franz Fayot erënnert drun, datt den Ausseminister Xavier Bettel bis elo ëmmer gesot huet, Lëtzebuerg eleng kéint näischt maachen, ausser d’Sanktioune vun der EU matdroen.
“An elo kréie mir gesot, datt mir net nëmmen dierfen eppes maachen, mee och d’Flicht hunn eppes ze maachen.”
Näischt maachen ass also e Verstouss géint dat internationaalt Recht.
Nees dem Drock vun den Amerikaner noginn?
D’Fro stellt sech natierlech, ob et sech just ëm eng theoretesch Diskussioun zu theoretesche Responsabilitéite geet. Nee, mengt de Franz Fayot, an nennt mat Bosnien-Herzegowina a Serbien e Beispill aus den 1990er Joren, wou e Land reprochéiert krut, net alles gemaach ze hunn, fir e Genozid ze verhënneren.
An den Notte vun der Cellule scientifique, déi iwweregens och resüméiert an op Lëtzebuergesch um Site vun der Chamber ze fanne sinn, ginn och Pisten uginn, wéi Lëtzebuerg kéint weider maachen.
“D’Fro stellt sech awer: Op wéi enger Säit sti mir? Sti mir wierklech op der Säit vum internationale Recht, oder bécke mir eis virun ekonomeschen Interêten a Pressioun vun den Amerikaner?”
D’Fro, déi sech dem Franz Fayot no stellt, wier déi, ob wierklech politesche Wëllen do ass fir Mesurë wéi Areesverbueter oder Afréiere vu Konten ze huelen, esou wéi Spuenien, Slowenien an d’Belsch et scho gemaach hunn. “All Avance déi ee ka maachen ass begréissenswäert”, esou nach den LSAP-Deputéierten.